Déi Groussherzoglech Koppel éiert déi verstuerwe Membere vun der Groussherzoglecher Famill
10.11.2026
Dësen Dënschdeg hunn de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse an der Krypta vun der Kathedral an der Stad un der traditioneller Mass deelgeholl, fir de verstuerwene Membere vun der groussherzoglecher Famill ze gedenken. Uschléissend goufen d'Griewer geseent.
© Maison du Grand-Duc
Bei dëser Gedenkzeremonie gouf déi Groussherzoglech Koppel vum Prënz Guillaume, der Prinzessin Sibilla an dem Prënz Paul-Louis begleet.
Zougangsastellungen
- Animatiounen
- Espace tëschent den Zeilen
- Schrëftaart (Dyslexie)
Sichen




















