D'groussherzoglech Koppel op Besuch zu Anvaing (Belsch)
16.10.2026
Dëse Freideg war d'groussherzoglech Koppel op Besuch zu Anvaing an der Belsch, wou d'Grande-Duchesse hir Kandheet verbruecht huet. Am Gemengenhaus goufen de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse empfaangen, an zu hiren Éieren gouf eng Receptioun organiséiert.
© Commune de Frasnes-lez-Anvaing
An enger häerzlecher a geselleger Atmosphär stoungen déi vill Erënnerungen an déi enk Verbonnenheet vun der Grande-Duchesse mat Anvaing, enger Uertschaft, déi hir bis haut um Häerz läit, am Mëttelpunkt.

















