D’Grande-Duchesse éiert 160 verdéngschtvoll Bluttspender zu Dikrech

10.10.2026

D’Grande-Duchesse éiert 160 verdéngschtvoll Bluttspender zu Dikrech

Dëse Samschdeg huet d’Grande-Duchesse an hirer Funktioun als Presidentin vum Lëtzebuerger Roude Kräiz bei enger Zeremonie zu Dikrech 160 Medailen u verdéngschtvoll Bluttspender iwwerreecht. Si huet hinne fir hir Generositéit an hiren Engagement Merci gesot, mat deem dës Persounen all Dag dozou bäidroen, Mënscheliewen ze retten.

remise_medailles_merite_don_sang-4.jpg

© Maison du Grand-Duc

D’Zeremonie, déi a Presenz vun der Ministesch Martine Deprez an dem Buergermeeschter Charles Weiler stattfonnt huet, war och eng Geleeënheet, fir un d’Wichtegkeet vum reegelméissege Bluttspenden ze erënneren. Dëst ass onverzichtbar, fir de Besoine vun de Spideeler gerecht ze ginn, Engpäss ze vermeiden a genuch Bluttreserven ze garantéieren.

remise_medailles_merite_don_sang-23.jpg

© Maison du Grand-Duc

remise_medailles_merite_don_sang-28.jpg

© Maison du Grand-Duc