Joyeuse Entrée | Iwwer d’Musel op Éinen
02.10.2026
Um Schëff « Princesse Marie-Astrid » sinn de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse dëse Freideg zu Éinen, an der Gemeng Wormer, ukomm, fir hir drëtt Joyeuse Entrée.
© SIP / Raoul Gilibert
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
No der Faart iwwer d’Musel ass déi Groussherzoglech Koppel deene Leit begéint, déi d’Liewen op der Lëtzebuerger Musel an am Oste vum Land ausmaachen a matgestalten, dëst am Kader vun enger Visitt déi ënnert dem Zeeche vun der Proximitéit, dem sozialen Engagement, dem kulturelle Räichtum, wéi och der Innovatioun stoung.
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
Um Maart „Miseler Genoss“ an op aneren thematesche Stänn, déi um „Puddel“ opgeriicht waren, hu lokal Produzenten, Acteuren aus dem Tourismus, Jonker, Scouten, Benevollen a Vertrieder aus dem Wäibau hiren Knowhow, hir Traditiounen an hir zukunftsorientéiert Initiative presentéiert.
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
De Grand-Duc an d’Grande-Duchesse soen all deene Merci, déi dozou bäigedroen hunn, fir aus dëser Joyeuse Entrée e Fest fir déi ganz Regioun ze maachen.