D'Grande-Duchesse besicht de Schifermusée
19.10.2026
Um Méindeg huet d'Grande-Duchesse, de Schifermusée zu Maarteleng besicht. De Musée, deen um fréieren Ofbaugebitt opgeriicht gouf, ass haut Zeie vun der méi wéi 200 Joer aler Lëtzebuerger Schiferindustrie.
© Maison du Grand-Duc
Beim Besuch vum touristesche Parcours « Johanna » huet d'Grande-Duchesse Erklärungen iwwer dës wichteg Aktivitéit aus der Groussregioun kritt, déi nieft der Stolindustrie, hiren Héichpunkt um Ufank vum 20. Joerhonnert erlieft huet. Un Hand vun enger immersiver Inzenéierung kënnen d'Visiteuren d'Methode vum Schiferofbau, sou wéi den Alldag vun de Biergaarbechter entdecken, déi ënner besonnesch schwéieren Aarbechtsbedéngunge geschafft hunn.
D'Haaptattraktioun vum Parcours läit 42 Meter ënnert dem Buedem, wou een déi beandrockend Ofbaukummeren ka besichen.
© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc