D’Grande-Duchesse op Besuch bei der Fondatioun Pro Familia

06.10.2026

Dësen Dënschdeg war d’Grande-Duchesse, zesumme mat der Ministesch Yuriko Backes, zu Esch-Uelzecht op Besuch bei der Fondatioun Pro Familia

visite_profamilia-36.jpg

© Maison du Grand-Duc

D’Fondatioun, déi 1988 gegrënnt gouf, begleet an ënnerstëtzt Persounen a Familljen, déi mat Bezéiungsproblemer oder psychologesche Problemer konfrontéiert sinn.

Am Kader vun der Visitt goufen der Grande-Duchesse déi verschidde Servicer vu Pro Familia virgestallt: psychologesch Begleedung, Familljemediatioun an Ënnerstëtzung fir Affer vu Gewalt am Stot. Dobäi goufen och d’Auswierkunge vu Gewalt op déi mental Gesondheet an d’Wuelbefanne vu Kanner thematiséiert, e Sujet, dee fir d’Grande-Duchesse besonnesch wichteg ass.

D’Grande-Duchesse huet den Engagement vun den Ekippe vu Pro Familia begréisst, déi fir Persounen a schwierege Situatiounen en oppent Ouer hunn an hinnen Ënnerstëtzung an eng op hir individuell Situatioun ugepasste Begleedung ubidden.