Concert zu Éiere vum Grand-Duc Jean an der Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte

29.10.2026

Concert zu Éiere vum Grand-Duc Jean an der Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte

Dësen Donneschdeg hunn de Grand-Duc an de Prënz Guillaume vu Lëtzebuerg an der Philharmonie um traditionelle Concert zu Éiere vum Grand-Duc Jean an der Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte deelgeholl.

20261029_ga_romeo-juliette_c_alfonsosalgueiro-13.jpg

© Alfonso Salgueiro

Ënnert der Leedung vum Martin Rajna huet de Luxembourg Philharmonic e Programm presentéiert mat, ënner anerem, dem Concerto fir Piano n° 4 vum Ludwig van Beethoven, a Begleedung vun der Pianistin Alice Sara Ott als Solistin, souwéi Extraiten aus dem Ballet Roméo et Juliette vum Sergej Prokofjew, deen op der bekannter Tragédie vum William Shakespeare baséiert.

© Alfonso Salgueiro

© Alfonso Salgueiro