01.06.2026
Visitt vun der Cité policière an der Policeschoul « Grand-Duc Guillaume »
© Maison du Grand-Duc
Dëse Méindeg huet de Grand-Duc, begleet vum Minister Léon Gloden, d'Cité policière Grand-Duc Henri besicht. Bei dëser Geleeënheet huet de Staatschef den neie Fändel vun der Police grand-ducale iwwerreecht, deen fir d’Eenheet, den Engagement an d'Wäerter steet un deenen sech d'Police an hirem deeglechen Déngscht un der Populatioun orientéiert.
© Maison du Grand-Duc
Bei sengem Besuch an der Zentral vun der Police huet de Grand-Duc Erklärungen iwwer de Fonctionnement vum nationalen Interventiounszentrum 113, sou wéi och iwwer d'Asazzentral (PCO), kritt. Dës Infrastrukturen, déi rezent ageweit goufen, droen dozou bäi, datt dem Bierger op eng séier, efficace an appropriéiert Manéier gehollef gëtt wann hien d’Police rifft.
Dono ass et mam Programm an der Policeschoul weidergaangen, déi am Kader vun dëser Visitt offiziell « École de Police Grand-Duc Guillaume » benannt ginn ass. Hei maachen déi zukünfteg Agenten hir Formatiounen an engem modernen Ëmfeld mat spezialiséierten Infrastrukturen, dorënner en Duerf, dat en takteschen Training ënner realistesche Konditiounen erméiglecht.
Wärend dem ganze Besuch huet de Staatschef sech mat de verschiddene Servicer vun der Police grand-ducale ënnerhalen an dobäi hire Professionalismus an hiren Asaz am Déngscht vun der Allgemengheet gelueft.
© Maison du Grand-Duc
