02.06.2026
Ziichterei vu Flossmuschelen am Naturschutzgebitt Kalbermillen
Mam Trounwiessel huet de Grand-Duc Guillaume och den Haut Patronage vun der Fondation Hëllef fir d’Natur iwwerholl. Um Dënschdeg huet de Staatschef zesumme mam Minister Serge Wilmes fir déi éischt Kéier d'Naturschutzgebitt Kalbermillen zu Kaalber besicht, a Presenz vum Personal vun der Fondatioun a vun hirem President Patrick Losch.
© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc
Bei dëser Geleeënheet huet d'Fondatioun hiren ambitiéise Programm presentéiert fir Terrain fir méi Naturschutzgebidder opzekafen. Doderniewent gouf och de Programm fir d'Erëm-Usiidlung vun der Flossmuschel an der Our virgestallt. Et goufen Erklärungen zu der opwenneger Ziichtung vun dësen Aarten déi vum Ausstierwe bedrot sinn an déi réischt no ronn véier Joer zwee bis dräi Zantimeter grouss sinn. Si spillen eng wichteg Roll fir déi ekologesch Qualitéit vun der Our ze verbesseren, eng Viraussetzung fir d'Erhalen an d'Gläichgewiicht vun all den Organismen, déi am Waasser liewen.
© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc
Nodeems si nees an hirem natierlechen Ëmfeld ugesidelt sinn, droen dës Muschelen, dank hirer Fäegkeet fir d'Waasser ze filteren, zum Erhale vum Ekosystem bäi.
