« Joyeuse Sortie » zu Fëschbech

21.05.2026

« Joyeuse Sortie » zu Fëschbech

En Donneschdeg huet d'Gemeng Fëschbech d'« Joyeuse Sortie » vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse gefeiert, déi zënter 2020 am Schlass mam selwechten Numm wunnen. Zu dëser Geleeënheet ass e Monument zu Éiere vum Grand-Duc Guillaume am Duerf devoiléiert ginn.

20260521-joyeuse-sortie-56.jpg

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

20260521-joyeuse-sortie-97.jpg

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

20260521-joyeuse-sortie-80.jpg

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

20260521-joyeuse-sortie-66.jpg

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

20260521-joyeuse-sortie-29.jpg

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Am Hibléck op hiren Depart, hunn de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse all d'Awunner op eng geselleg an häerzlech Receptioun an de Park vum Schlass Fëschbech invitéiert.

Déi groussherzoglech Koppel wäert deemnächst an d'Schlass Bierg plënneren, iwwerdeems de Grand-Duc Henri an d'Grande-Duchesse Maria Teresa op Fëschbech wunne kommen.