Actualité

Virowend vun Nationalfeierdag 2023 - Esch-Uelzecht

Wärend de Groussherzog an d’Groussherzogin zu Gréiwemaacher waren, huet d’Ierfgroussherzoglech Koppel, a fir d’alleréischte Kéier de Prënz Charles, un de Festivitéiten zu Esch-Uelzecht deelgeholl. Si si vum Buergermeeschter, Georges Mischo, vum Vizepresident vun der Chamber, Mars Di Bartolomeo a vun de Ministeren, Taina Bofferding, Georges Engel, Joëlle Welfring a Max Hahn begréisst ginn.

© SIP / Emmanuel Claude

Déi offiziell Zeremonie huet mam Néierleeë vu Blummen virum Krichsmonument (Monument aux Morts) ugefaangen. No der Nationalhymn ass et an d’Märei weidergaangen, wou ronn 40 Escher Veräiner defiléiert sinn. No der Receptioun, déi vun der Stad Esch organiséiert war, huet d’Ierfgroussherzoglech Koppel d’Leit vum Balcon vun der Gemeng begréisst. De Prënz huet dono nach um „Escher Volleksfest“ en enger häerzlecher a festlecher Stëmmung deel geholl. An zum Schluss war d‘Lagerfeier vun de Lëtzebuerger Scouten den Ofschloss vun der offizieller Zeremonie.

© SIP / Emmanuel Claude