Actualité

Chrëschtatelier bei der Fondation Kräizbierg

Dëst Joer liicht de Chrëschtbeemchen am groussherzogleche Palais mat ganz besonneschen Dekoratiounen, déi mat vill Opmierksamkeet a Léift vun den Ateliere vum Kräizbierg geschafe goufen.

Déi ierfgroussherzoglech Koppel, zesumme mat de Prënze Charles a François, hu sech hiert Schiertech ëmgestréckt an hate flott Momenter, wéi si zesumme mat den Mataarbechter vun der Fondatioun ganz besonnesch Ornamenter gebastelt hunn.

De Prënz an d'Prinzessin soen de Leit vun der Fondation Kräizbierg e ganz häerzleche Merci fir dee léiwen Accueil an déi magesch Momenter, déi si mat hinne gedeelt hunn.

Entdeckt elo d'Biller vun dëser ganz besonnescher Zesummenaarbecht.

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey