10.05.2026
Schlusspressessioun vun der Oktav 2026
Um Sonndeg hunn de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse, begleet vun de Prënze Charles a François, un der Schlusspressessioun am Kader vun der Oktav 2026 deel geholl.
© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse hu sech aus der Kathedral Notre-Dame de Luxembourg, zesumme mat ville Pilger, Gleewegen a Membere vu verschidde Veräiner, der feierlecher Schlusspressessioun ugeschloss.
Wéi et Traditioun ass, ass déi groussherzoglech Koppel mat hire Kanner am Nomëtten op de Balcon vum Palais komm, vu wou si de Public begréisst hunn.
Zougangsastellungen
Sichen
































