23.01.2026
Héiflechkeetsbesuch am Vatikan
Fir hire véierten Héiflechkeetsbesuch zënter dem Trounwiessel, sinn de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse, zesumme mat de Prënze Charles a François, a begleet vum Minister Xavier Bettel, dëse Freideg vu Senger Hellegkeet dem Poopst Léon XIV am Vatikan empfaange ginn.
© Vatican Media
Um Programm stoung och en Treffen tëscht dem Grand-Duc, dem Minister Bettel a senger Eminenz dem Kardinol Pietro Parolin, Staatssekretär vu Senger Hellegkeet. Dës Entrevue weist déi ausgezeechent Relatiounen tëscht Lëtzebuerg an dem Hellege Stull.
