Direkt op den Haaptinhalt

03.10.2025

Trounwiessel | Begéinung mat der Bevëlkerung

De Grand-Duc Guillaume an d’Grande-Duchesse Stéphanie hunn d’Traditioun weidergefouert a sech fir d’éischt Kéier ëffentlech um Balcon vum Groussherzogleche Palais gewisen an d’Leit häerzlech begréisst.

Duerno goufen si vun hire Jongen, de Prënze Charles a François, vum Grand-Duc Henri an der Grande-Duchesse Maria Teresa, souwéi vun der groussherzoglecher Famill an der belscher an hollännescher Kinnekskoppel begleet, déi dozou gestouss sinn, fir der neier groussherzogleche Koppel ze gratuléieren.

E Réckbléck a Fotoen op dëse Moment um Balcon, dee fir ëmmer an der Geschicht vum Land verankert wäert bleiwen.

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue & Kary Barthelmey