D'groussherzoglech Famill

D'Prinzessin Claire

Gebuer

21. Mäerz 1985

Portrait de la Princesse Claire
© Helmut Fricke

Biografie

D'Prinzessin Claire, gebuere Claire Margareta Lademacher, ass dat zweet Kand vum Hartmut a Gabriele Lademacher. D'Claire huet een eelere Brudder, de Félix Lademacher. Hir Kandheet huet si mat hirer Famill an der hessescher Stad Usingen am Hochtaunus verbruecht.

La Princesse Claire assiste au Marathon Indoor Cycling organisé par Luxembourg Transplant
© Cour grand-ducale / Sophie Margue

D’Prinzessin Claire beim Indoor Cycling Marathon, organiséiert vu Luxembourg Transplant

Am Dezember 2012 huet de Maréchalat de la Cour d'Verlobung vum Prënz Félix an dem Claire Lademacher ugekënnegt. D'Hochzäit war den 21. September 2013 an der Basilika vu Sainte Marie-Madeleine de Saint-Maximin-la-Sainte-Baume a Frankräich. Zanterhier dréit si den Titel "Prinzessin Claire vu Lëtzebuerg, Prinzessin vun Nassau".

Portrait du Prince Félix et de la Princesse Claire lors de leurs fiançailles
© Cour grand-ducale / Christian Aschman

Portrait vum Prënz Félix an der Prinzessin Claire bei hirer Verlobung

D'Prinzessin Claire an de Prënz Félix sinn Eltere vun engem Meedchen an zwee Jongen. D'Prinzessin Amalia Gabriela Maria Teresa ass de 15. Juni 2014 an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte zu Lëtzebuerg gebuer, de Prënz Liam Henri Hartmut ass den 28. November 2016 an der Clinique Générale-Beaulieu zu Genf op d'Welt komm an de Prënz Balthazar Félix Karl huet d’Liicht vun der Welt de 7. Januar 2024 och an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte zu Lëtzebuerg erbléckst.

Célébration du baptême de Son Altesse Royale le Prince Liam
© Cour grand-ducale / Lola Velasco

Kanddaf vum Prënz Liam

Ausbildung a professionell Aktivitéiten

No der Primärschoul an Däitschland plënnert d'Prinzessin Claire mat hirer Famill op Atlanta an Amerika, wou si an d'Atlanta International School geet. Ausser hirer Mammesprooch, dem Däitschen, schwätzt si Englesch, Franséisch an Italieenesch.

1999 kënnt d'Famill Lademacher zréck an Däitschland. D'Prinzessin Claire geet an d'Frankfurt International School, éier si fir zwee Schouljoer an den Internat vum Collège Alpin Beau Soleil an der Schwäiz geet, wou si de Prënz Félix kenne léiert. Si mécht hiren engleschen A-Level-Ofschloss am Joer 2003 mat engem "Prize of Excellency". 2007 kritt d'Prinzessin Claire en Diplom an internationaler Kommunikatioun vun der American University zu Paräis.

© Privatkollektioun Cour grand-ducale

D'Prinzessin Claire zu Washington DC

Si sammelt duerno éischt Beruffserfarung am Verlagshaus Condé Nast zu New York an zu München an dono bei IMG World zu Berlin.

No engem Master an der Bio-Eethik mat der Mentioun "summa cum laude" op der Universitéit Regina Apostolorum zu Roum decidéiert d'Prinzessin, hir Kenntnisser ze verdéiwen an en Doktorat unzefänken. Parallel zu hire Studie schafft si fir den Chair fir Bio-Eethik a Mënscherechter vun der Unesco.

D'Prinzessin Claire huet en Doktertitel (PhD). Hir Thees zum Theema "Eethesch Aspekter vun der Awëllegung an d'Organspend"  huet si zu Roum presentéiert. Am Kader vun der Recherche fir hir Thees war si als Guest researcher am Kennedy Institute of Ethics vun der Georgetown University zu Washington D.C.

La Princesse Claire lors d'un atelier de la conférence "Stand Speak Rise Up!"
© SIPA Press

D'Prinzessin Claire bei engem Workshop am Kader vun der Konferenz "Stand Speak Rise Up!"

Zesumme mat hirem Mann, dem Prënz Félix, féiert d'Prinzessin Claire den Domaine viticole Château les Crostes zu Lorgues zanter 2013. Si ass Matgrënnerin vun der Societéit Young Empire, enger Mark vu Kleeder an Dekoratiounsartikele fir Kanner.

Nieft hire berufflechen a familiären Engagementer bleift si weider aktiv am akadeemesche Beräich vun der Bio-Eethik. Am Februar 2018 huet si eng Gaaschtprofessur op der Fakultéit vun der Bio-Eethik vun der Universitéit Ateneo Pontificio Regina Apostolorum zu Roum. Am Mäerz 2018 hëlt si deel un der Konferenz: "Ethics in Action" ("Modern Slavery, Human Trafficking, and Access to Justice for the Poor and Vulnerable") vun der Pontificia Academia Scientiarum am Vatikan. Am Mäerz 2019 schwätzt si an engem Diskussiounsgrupp op der Konferenz Stand Speak Rise Up!, déi op Initiativ vun der Grande-Duchesse organiséiert gouf, iwwer dat sensibelt Theema vun der Inklusioun vu Kanner vu Vergewaltegungsaffer.

Offiziell Aktivitéiten

D'Prinzessin Claire ass bei verschiddenen offiziellen Aktivitéiten, wéi dem Nationalfeierdag oder der Schlusspressessioun vun der Oktav, dobäi. Si hëlt och un aneren Aktivitéiten deel, déi déi groussherzoglech Famill zesumme feieren.

Duerch hir akadeemesch Ausbildung an Erfarung huet d'Prinzessin Claire sech bei der Associatioun Luxembourg Transplant ASBL engagéiert, wou si och den Haut-Patronage iwwerholl huet. Si hëlt reegelméisseg um Internationalen Dag vun den Organspenden zu Lëtzebuerg deel.

Son Altesse Royale la Princesse Claire au Marathon Indoor Cycling à l'occasion de la 9e Journée mondiale du don d’organes
© Paul Foguenne - CHL

D’Prinzessin Claire beim Indoor Cycling Marathon bei Geleeënheet vun der 9. Journée mondiale du don d’organes

Interessien a Fräizäit

Vun hiren Elteren inspiréiert, gëllen d'Intressie vun der Prinzessin sozialen a kulturellen Theemen. D'Prinzessin Claire huet ënner anerem eng Rei Reesen am Kader vun humanitäre Projete gemaach, wéi zum Beispill op Tiruppur an Indien.

D'Prinzessin Claire gëtt net midd, Autobiographien ze liesen. Doriwwer eraus mécht si Yoga, Pilates a spillt Badminton. Si ass gären an der Natur an ass zanter hirer Jugend vun der Fotografie begeeschtert.

D'Prinzessin Claire wunnt zanter August 2018 mat hirem Mann an hiren zwee Kanner zu Frankfurt um Main. Si baakt gäre mat hire Kanner a moolt och vill mat hinnen. D'Ausbildung vun hire Kanner läit hir um Häerz an et ass hir e grousst Uleies, de Kanner Freed um Léieren ze vermëttelen an hinnen d'Welt ze erklären.

Le Prince Félix et la Princesse Claire participent au 72e Bazar de la Croix-Rouge luxembourgeoise
© Cour grand-ducale / Sophie Margue

De Prënz Félix an d’Prinzessin Claire um 72. Basar vum Lëtzebuerger Roude Kräiz

Fotoe vun der Prinzessin Claire

Portrait vun der Prinzessin Claire © Anne du Chastel

Portrait vun der Prinzessin Claire

De Prënz Félix an d’Prinzessin Claire bei der Gebuert vun der Prinzessin Amalia © Collection privée

De Prënz Félix an d’Prinzessin Claire bei der Gebuert vun der Prinzessin Amalia

De Prënz Félix an d’Prinzessin Claire bei hirer reliéiser Hochzäit am Joer 2013 © Cour grand-ducale / Guy Wolff

De Prënz Félix an d’Prinzessin Claire bei hirer reliéiser Hochzäit am Joer 2013

La Princesse Claire ënnerstëtzt den Internationalen Dag vum Organspenden © Cour grand-ducale / Sophie Margue

D'Prinzessin Claire ënnerstëtzt den Internationalen Dag vum Organspenden

De Prënz Félix an d’Prinzessin Claire um Nationalfeierdag 2016 © SIP / Charles Caratini

De Prënz Félix an d’Prinzessin Claire um Nationalfeierdag 2016

 

Biografië vun der groussherzoglecher Famill

Biografie eroflueden

D'Aktivitéite vun der Prinzessin Claire