Actualité

Virowend vun Nationalfeierdag 2023 - Fakelzuch a Freedefeier

De Groussherzog an d’Groussherzogin, zesumme mam Ierfgroussherzog, dem Prënz Félix, der Prinzessin Claire, dem Prënz Louis an der Buergermeeschtesch, Lydie Polfer, hu vum frësch renovéierte Knuedler aus der Militärmusek nogekuckt, iert den traditionelle Fakelzuch laanscht gezunn ass. Den impressionnanten Defilé vun de Veräiner (2700 Participanten) virun der offizieller Tribün ass en eenzegaartege Moment a weist all d’Facette vun der Multikulturalitéit vum Land, virun allem dank deene verschiddene Kostümer, Gesang an Dänz.

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

D’Freedefeier, wat vum Pont Adolphe geschoss ginn ass huet dëst Joer 17 Minutte gedauert. Et ass all Joer ëmmer nees impressionant a schléisst Festlechkeete vun Nationalfeierdag of.

 
© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue