11.05.2026
Audienz vum Dirigent Robert Reimer
Dëse Méinden huet de Grand-Duc Henri de bekannten däitschen Dirigent Robert Reimer, deen zu Lëtzebuerg gebuer ass, am Schlass zu Bierg empfaangen. De Museker huet renomméiert Orchestere geleet an an de groussen Operen-Haiser vun dëser Welt gespillt.
© Maison du Grand-Duc
Am Gespréich huet den Artist iwwer seng Projete geschwat an och déi gemeinsam Leidenschaft mam Grand-Duc fir d’Dirigéieren, war en Thema.
Aktivitéiten | De Grand-Duc Henri
Zougangsastellungen
Sichen












