Coupe Davis | Lëtzebuerg vs. Ungarn
19.09.2026
Dëse Freideg a Samschdeg huet an der Tennis Davis Coupe Lëtzebuerg géint Ungarn an der Coque gespillt.
Vun der Tribün aus huet de Grand-Duc Henri déi Lëtzebuerger Ekipp ënnerstëtzt, déi vun hirem Kapitän a fréiere Profi-Tennisspiller Gilles Muller ugefouert gëtt.
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
Trotz hirem Asaz hunn sech déi Lëtzebuerger Spiller Ungarn misse geschloe ginn. De Grand-Duc Henri huet si awer nom Match fir hiren Engagement um Terrain felicitéiert.
D’Partie stoung och am Zeeche vum Alex Knaff sengem Äddi virum Lëtzebuerger Public. De Spiller hält 2027 mam professionellen Tennis op.