
De Grand-Duc Henri
Gebuer
16 Abrëll 1955
am Schlass zu Betzder
Biografie
De Grand-Duc Henri, Herzog vun Nassau, Prënz vu Bourbon-Parma, ass den eelste Fils vun de fënnef Kanner vum Grand-Duc Jean an der Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte.
De 14. Februar 1981 huet hie sech an der Kathedral Notre-Dame vu Lëtzebuerg mat der Maria Teresa Mestre bestuet.
De 7. Oktober 2000 ass hie Staatschef vu Lëtzebuerg ginn. No 25 Joer um Troun huet hien den 3. Oktober 2025 beim Trounwiessel zu Gonschte vu sengem eelste Jong Guillaume ofgedankt.
Bestuet mat
Jong / Duechter vun
Kanner
Frères/Sœurs

D’Prinzessin Marie-Astrid vu Lëtzebuerg

D’Prinzessin Margaretha vu Lëtzebuerg

De Prënz Jean vu Lëtzebuerg

De Prënz Guillaume vu Lëtzebuerg

Déi groussherzoglech Koppel an déi ierfgroussherzoglech Koppel bei enger offizieller Zeremonie virum Monument vun der Grande-Duchesse Charlotte
© Fotografesch Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg
Ausbildung an Auszeechnungen
De Prënz Henri ass an de Lycée zu Lëtzebuerg an a Frankräich gaangen, wou hien 1974 e Baccalauréat krut. Duerno war hien op der Royal Military Academy Sandhurst an England. Säit 1975 dréit hien de Grad vum Offizéier.

De Grand-Duc Jean an de Prënz Henri zu Sandhurst am Joer 1975
© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg
De Prënz Henri huet sech am Institut universitaire de hautes études internationales (HEI) op der Universitéit vu Genf an der Schwäiz ageschriwwen an huet 1980 mat enger Licence de Sciences Politiques seng Studien ofgeschloss. Op der Universitéit huet de Prënz Henri seng zukünfteg Fra, d'Maria Teresa Mestre kenne geléiert.
1989 gëtt de Prënz Henri zum Éiere-Major vum Queen's Royal Parachute Regiment aus dem Vereente Kinnekräich ernannt.

De Grand-Duc Henri huet seng zukünfteg Fra Maria Teresa Mestre wärend senge Studien zu Genf kenne geléiert
Duerno huet hien eng Rei Informatiouns- a Studiereesen an d’Ausland gemaach, virun allem an Amerika an a Japan.
Tëscht 1980 an 1998 sëtzt de Prënz Henri am Staatsrot, wat et him erlaabt, säi Wëssen iwwer d’Zesummespill vun den institutionellen a legislative Strukturen am Land ze verdéiwen.
Vun 1978 bis 2000 ass de Prënz Henri Éierepresident vum Comité de développement économique. An deem Kader mécht hie Prospektiounsreesen op déi fënnef Kontinenter mam Zil, den Image vu Lëtzebuerg ze fërderen. Esou kann hien aktiv dozou bäidroen, nei kommerziell Marchéë fir Lëtzebuerg ze erschléissen an och Investisseuren unzezéien. Säi Fils, de Prënz Guillaume, huet dës offiziell Funktioun am Joer 2000 iwwerholl. De Grand-Duc Henri setzt sech awer weider fir d’Promotioun vu sengem Land an, zumools wärend de Staatsvisitten.

D'Kinnigin Elisabeth II op Visitt zu Lëtzebuerg
Trounwiessel
De 4. Mäerz 1998 gouf den Ierfgroussherzog Henri zum Lieutenant-Représentant vum Grand-Duc Jean ernannt, eng Funktioun, déi him, nom Ofleeë vum Eed op d'Konstitutioun, eng Bevollmächtegung fir verschidde Beräicher ginn huet. Dorop hat hie sech iwwer all déi Joren als Ierfgroussherzog virbereet.

Portrait vum Grand-Duc Henri am Schlass zu Bierg
© 2017 Cour grand-ducale / Lola Velasco
Am Alter vun 79 Joer huet de Grand-Duc Jean dunn d'Decisioun geholl, no 35 Joer Herrschaft ofzedanken, a sengem eelste Fils den Troun ze iwwerloossen. D'Vereedegung war de 7. Oktober 2000 an der Chamber, wou de Grand-Duc Henri den Eed op den Artikel 5 vun der Konstitutioun ofgeluecht huet: "Je jure d'observer la Constitution et les lois du Grand-Duché de Luxembourg, de maintenir l'indépendance nationale et l'intégrité du territoire ainsi que les libertés publiques et individuelles."
A senger Trounried ass de Grand-Duc op d'Wäerter vun eiser Gesellschaft agaangen an huet betount, datt d'Fundamenter vun eiser Gesellschaft op Solidaritéit, Justiz, Toleranz, Respekt vis-à-vis vum Nächsten a Mënschlechkeet berouen.
Déi éischt Visitte vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse no der Vereedegung hu si a Frankräich (9.-10. Oktober 2000) an an Däitschland (11.-12. Oktober 2000) gefouert, wat déi wichteg Relatioun mat deenen zwee Nopeschlänner ervirgehuewen huet. Tëscht Abrëll 2001 a Juni 2002 hunn de Grand-Duc Henri an d'Grande-Duchesse Maria Teresa hir Joyeuses entrées duerch déi 12 Kantone vu Lëtzebuerg gemaach.
De Règne vum Grand-Duc Henri

Juni 2019; Visitt vum Grand-Duc Henri an der Glasbléiserei vum Pascale Seil zu Bäerdref
© Cour grand-ducale / Sophie Margue
De Kontakt mat de Lëtzebuerger wor e wichtege Bestanddeel am Alldag vum Grand-Duc Henri an der Grande-Duchesse Maria Teresa.
De Grand-Duc Henri informéiert sech iwwer all d'Facettë vum Liewen zu Lëtzebuerg duerch Visitte vun Institutiounen, Spideeler, Alters- oder Fleegeheemer, Associatiounen an Ausstellungen. Hie geet op Concerten, akadeemesch Seancen an op Sporteventer.
Famill
De Grand-Duc Henri ass Papp vu fënnef Kanner aus dem Bestietnes mat der Grande-Duchesse, a Grousspapp vun aacht Enkelkanner:
- de Prënz Charles (gebuer den 10. Mee 2020) an de Prënz François (gebuer de 27. Mäerz 2023), Fils vum Grand-Duc Guillaume an der Grande-Duchesse Stéphanie,
- d’Prinzessin Amalia (gebuer de 15. Juni 2014) an de Prënz Liam (gebuer den 28. November 2016), déi zwee Kanner vum Prënz Félix an der Prinzessin Claire vu Lëtzebuerg,
- de Prënz Gabriel (gebuer den 12. Mäerz 2006) an de Prënz Noah (gebuer den 21. September 2007), déi zwee Kanner vum Prënz Louis vu Lëtzebuerg,
- d’Victoire (gebuer den 14. Mee 2024), d‘Duechter vun der Prinzessin Alexandra vu Lëtzebuerg an dem Här Nicolas Bagory.
Am Joer 2010 huet de Grand-Duc Henri d'Decisioun geholl, de Familljepakt vum Haus Nassau ze änneren, fir d'absolut Ierfrecht op dat éischtgebuerent Kand ze iwwerdroen. Domadder gëtt d'Gläichheet tëschent Männer a Frae betreffend d'Ierfschaftsrecht op den Troun garantéiert.

2021: Déi groussherzoglech Famill zu Cabasson
© Maison du Grand-Duc / Marion Dessard
Interessien a Fräizäit
Dem Grand-Duc Henri säi léifsten Zäitverdreif ass d'Literatur, d'klassesch Musek, d'Natur an de Sport: hie geet schwammen, spillt Tennis, fiert Schi a Waasserschi, mécht Seegelsport a fiert gäre Moto. De Grand-Duc Henri geet och op d'Juegd, eng laang Traditioun an der Famill, duerch déi de Wëldbestand an d'Fauna a senge Bëscher gereegelt gëtt.
Trotz engem gutt gefëllte Kalenner wärend an och no sengem Règne, probéiert de Grand-Duc Henri ëmmer, esou vill Zäit wéi méiglech mat senger Famill ze verbréngen; dat si Momenter, déi hien immens genéisst an déi him et erlaben, ze entspanen an nei Kraaft ze fannen.
#BBD0E0 »

De Prënz Henri spillt Fussball mat sengem Fils, dem Prënz Guillaume
© Kollektioun vun der Cour grand-ducale