Direkt op den Haaptinhalt

Biografie

Als diskreeten awer ganz engagéierte Staatschef verkierpert de Jean eng Monarchie, déi no bei de Leit an den Entwécklunge vun der deemoleger Zäit ugepasst war.

D’Herrschaft vum Grand-Duc Jean, vun 1964 bis an d’Joer 2000, war eng entscheedend Period an der Geschicht vu Lëtzebuerg. Di Zäit deemools war gepräägt vu politescher Stabilitéit, vun der Moderniséierung vum Land a vun engem resolutten Engagement fir d’europäesch Integratioun. Seng Herrschaft war begleet vun der wirtschaftlecher Entwécklung vum Land dat sech op der internationaler Bün ëmmer méi behaapte konnt. Als diskreeten awer ganz engagéierte Staatschef verkierpert de Jean eng Monarchie, déi no bei de Leit an den Entwécklunge vun der deemoleger Zäit ugepasst war.

Bestuet mat

Jong / Duechter vun

Kanner

De Grand-Duc Henri

De Prënz Guillaume vu Lëtzebuerg

D’Prinzessin Margaretha vu Lëtzebuerg

De Prënz Jean vu Lëtzebuerg

D’Prinzessin Marie-Astrid vu Lëtzebuerg

Frères/Sœurs

D’Prinzessin Élisabeth vu Lëtzebuerg

D’Prinzessin Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg

D’Prinzessin Marie-Gabrielle vu Lëtzebuerg

De Prënz Charles vu Lëtzebuerg

D’Prinzessin Alix vu Lëtzebuerg

D'Grande-Duchesse Charlotte, de Prënz Félix an de Prënz Jean

D'Grande-Duchesse Charlotte, de Prënz Félix an de Prënz Jean

© Kollektioun Cour grand-ducale

Kandheet an Ausbildung

De Prënz Jean gëtt de 5. Januar 1921 op Schlass Bierg gebuer. Seng Elteren, d’Grande-Duchesse Charlotte an de Prënz Félix vu Bourbon-Parma, siche seng Virnimm geziilt eraus: Jean, als Hommage un de Grof Jang de Blannen, eng emblematesch Figur aus der Lëtzebuerger Geschicht; Benoît, als Referenz op de Poopst Benedikt XV.; a Guillaume, den traditionelle Virnumm am Haus Nassau.

Déi éischt Jore vu senger Educatioun verbréngt hien doheem: De Jean gëtt dem Marie-Louise Knaff uvertraut, der “Joffer”, déi vu Klengem un de Prënz genee ewéi duerno seng Schwësteren Elisabeth (1922-2011), Marie-Adélaïde (1924-2007), Marie-Gabrielle (1925-2023), Alix (1929-2019) a säi Brudder Charles (1927-1977) an d’Lëtzebuerger Sprooch a Gebräicher aféiert. De Jean entwéckelt och a ganz jonkem Alter schonn eng Leidenschaft fir sportlech Aktivitéiten, wat hien 1946 dozou féiert, sech am Internationalen Olympesche Kommitee ze engagéieren.

1934: D'Kanner vun der groussherzoglecher Famill

1934: D'Prënzekanner

© Ed Kutter

Als Kand begleet hie seng Eltere bei verschiddenen ëffentleche Sortien an iwwerhëlt hei souguer heiansdo eng zeremoniell Roll, zum Beispill bei der Daf vun engem Fliger oder bei offizielle Paraden, wat him erlaabt, sech no an no mat senge künftege Representatiounsaufgabe vertraut ze maachen. Esou passéiert hien zum Beispill den 23. Januar 1933 eng alleréischte Kéier un der Säit vu sengem Papp de Fräiwëllegecorps vun der Gendarmerie an der Police Revue.

Vun 1934 bis 1938 verléisst de Prënz Jean de Grand-Duché a geet a Groussbritannien an d’Internat vun der Benediktinerschoul Ampleforth-College am Yorkshire, déi vun hire Schüler eng streng Disziplin verlaangt - en Atout, dee sech bei sengem militäreschen Engagement wärend dem Zweete Weltkrich als wäertvoll erweise wäert.

Déi groussherzoglech Famill

1936: Déi groussherzoglech Famill

© Aloyse Anen

Zeréck zu Lëtzebuerg kritt de Jean eng Zousazausbildung vu Privatenseignanten, dorënner de Pierre Frieden, de spéidere Staatsminister. 1939 gëtt de Jean volljäreg a kritt duerch e groussherzoglechen Arrêté den Éierentitel “Lieutenant vun der Lëtzebuerger Arméi”. Als Trounfollger konzentréiere seng Representatiounsaufgabe sech op Evenementer vun nationaler Bedeitung, dorënner besonnesch d’Festivitéite ronderëm de Centenaire, den honnertjärege Jubiläum vun der Lëtzebuerger Onofhängegkeet - eng grouss Demonstratioun vu Patriotismus, nëmmen e puer Méint éier déi däitsch Truppen am Mee 1940 an d’Land afalen. Hie vertrëtt och alt emol seng Mamm am Ausland, sou zum Beispill am August 1939 bei der Weltausstellung zu New York, wou hien zesumme mat sengem Papp, dem Prënz Félix, un der Aweiung vum lëtzebuergesche Pavillon deelhëlt an do och dem President Roosevelt begéint.

E Prënz am Exil

Nodeem se vun den Nazitruppen an den Exil forcéiert gi war, flücht d’groussherzoglech Famill fir d’éischt a Frankräich an duerno a Portugal.

A Begleedung vun hirem Papp ginn d’Prënzekanner u Bord vun der USS Trenton, déi si op Annapolis an Amerika bréngt. Duerno installéiert de Prënz Jean sech a Kanada a schreift sech op der Universitéit Laval am Quebec an, wou hien Droit, Philosophie a Politikwëssenschafte studéiert, éier d’Famill sougenannte Goodwill-Touren ënnerhëlt. 

#BBD0E0 »

Den Ierfgroussherzog Jean, zu "Luxemburg" am US-Bundesstaat Wisconsin

De Grand-Duc Jean, deemools Ierfgroussherzog vu Lëtzebuerg, an engem Duerf am Kewaunee County, Wisconsin, Amerika

© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

Dës Toure féiere si an de Mëttlere Weste vun Amerika, wou d’Grande-Duchesse probéiert, bei den Nokomme vu lëtzebuergeschen Auswanderer finanziell Mëttel a politesch Ënnerstëtzung ze mobiliséieren. Viru sengem militäreschen Engagement am Krich setzt de Prënz Jean sech um amerikanesche Kontinent un der Säit vun deenen anere Membere vu senger Famill fir d’Lëtzebuerger Saach an: A Begleedung vum Guy Konsbruck, dem Aide de camp vun der Famill, geet hien am Juni 1942 a Brasilien a begéint hei Nokomme vu lëtzebuergeschen Auswanderer. Hien hëlt och zesumme mat anere Membere vun exiléierte Kinneksfamillen un enger Emissioun vun der NBC deel, déi ënner dem Haut Patronage vum “Council for Democracy” steet. Méi spéit, wärend senger militärescher Ausbildung an England, adresséiert hie sech am Juli 1943 um Mikro vun der BBC un d’Lëtzebuerger Jugend, fir si zu Eenheet an Ausdauer opzeruffen.

Um Wee zur Befreiung vu Lëtzebuerg

1944 Befreiung vun der Stad Lëtzebuerg

Den 10. September 1944 kommen de Prënz Félix an de Prënz Jean nees zu Lëtzebuerg un

© Kollektioun Cour grand-ducale / Tony Krier

No enger Visitt am Wäissen Haus am Joer 1942 gëtt ausgemaach, datt de Jean a säi Papp, de Prënz Félix, der brittescher Arméi bäitrieden. Dës Decisioun gëtt geholl, well den Naziregime d’Zwangsrekrutéierung vun de jonke Lëtzebuerger agefouert huet. Am November 1942 trëtt de Prënz Jean an d’brittesch Arméi an, wou hien am Regiment vun den “Irish Guards” déngt. Den Ufank vu senger Ausbildung absolvéiert hien zu Caterham an zu Pirbright, duerno kënnt hien an d’“Royal Military Academy” vu Sandhurst. 

Source : Collection photographique de la Maison grand-ducale

De Prënz Jean gëtt am Mäerz 1944 zum Lieutenant befërdert an heemlech op Eastbourne geschéckt, éier säi Regiment den 11. Juni am Kader vun enger Verstäerkungsmissioun an der Normandie lant. An deenen nächste Méint hëlt hien un e puer vun deene kriteschste Campagnë vum Krich deel: d’Befreiung vu Caen, de Virmarsch vun den Alliéierte queesch duerch Frankräich an d’Befreiung vu Bréissel am September 1944. Den 10. September kënnt hien am Nomëtten op Lëtzebuerg zeréck, wou hie säi Papp erëmgesäit. Béid Prënze ginn um Knuedler gefeiert an de Félix schwéngt de Lëtzebuerger Fändel aus der Fënster um éischte Stack vun der Gemeng.

De Prënz Jean geet duerno hannescht bei seng Eenheet, fir un der Operatioun “Market Garden” an un der Ardennenoffensiv deelzehuelen. En ass och bei der Offensiv géint d’Siegfriedlinn a bei der Iwwernam am Reichswald dobäi, a stéisst bis zum Enn vum Krich an Däitschland vir. Fir de Retour vun der Grande-Duchesse Charlotte am Abrëll 1945 gëtt hien op Lëtzebuerg zeréckgeruff. Als Kolonell vun den “Irish Guards” bleift hie bis zu senger Demobilisatioun am Juni 1974 am Regiment.

Source : Collection photographique de la Maison grand-ducale

Source : Collection photographique de la Maison grand-ducale

© Tony Krier

Nokrichszäit a Bestietnes

Nom Krich engagéiert de Prënz Jean sech fir den Neesopbau vum Land. Als Zeeche vu senger Ënnerstëtzung fir d’Gemengen an Uertschaften, déi wärend der Ardennenoffensiv zerstéiert goufen, begleet hie seng Mamm bei hire Visitten am Éislek. Hien hëlt och un der Restrukturatioun vun der Lëtzebuerger Arméi deel, fir d’éischt als Officier de liaison, duerno als Generalinspekter. 

#BBD0E0 »

Source : Collection photographique de la Maison grand-ducale

Parallel dozou iwwerhëlt de Prënz Jean ëmmer méi zeremoniell an institutionell Verflichtungen a vertrëtt Lëtzebuerg bei internationalen Evenementer ewéi der Hochzäit vun der zukünfteger englescher Kinnigin Elisabeth mam Prënz Philip Mountbatten am Joer 1947 oder beim Iwwerreeche vun enger Goldmedail un de lëtzebuergeschen Athleet Josy Barthel, dee bei der Olympiad vun Helsinki am Joer 1952 d’1500-Meter-Course gewënnt.

© Collection photographique de la Maison grand-ducale

Am Oktober 1952 gëtt den Haff d’Verlobung vum Ierfgroussherzog Jean mat der belscher Prinzessin Joséphine-Charlotte bekannt. Si ass déi eelsten Duechter vum Kinnek Léopold III. a senger Fra, der Astrid vu Schweden, an huet de Prënz bei engem vun hire kuerzen Openthalter bei hirer Giedel, der Grande-Duchesse Charlotte, zu Fëschbech am Joer 1948 kenne geléiert.

D’Koppel bestit sech den 9. Abrëll 1953 an der Kathedral vu Lëtzebuerg a wunnt vun do un um Betzder Schlass, wou och hir fënnef Kanner op d’Welt kommen: d’Prinzessin Marie-Astrid (*1954), de Prënz Henri, den zukünftege Grand-Duc (*1955), de Prënz Jean (*1957), d’Prinzessin Margaretha (*1957) an de Prënz Guillaume (*1963). D’Gebuert vun dësem leschte Kand kritt de Jean per Telegramm annoncéiert, wéi hie grad op enger Staatsvisitt zu Washington D.C. ass.

© Tony Krier

© Collection photographique de la Maison grand-ducale

© Tony Krier

Op säin zukünftege Règne bereet de Prënz Jean sech vir, andeem hien no an no an den institutionelle System vu Lëtzebuerg antrëtt: 1951 gëtt hie Member vum Staatsrot, wat him erlaabt, seng Kenntnisser vun den Ofleef an der legislativer Prozedur ze verdéiwen, an de 4. Mee 1961 gëtt hien zum Lieutenant-Représentant vun der Grande-Duchesse Charlotte ernannt. De groussherzoglechen Arrêté vum 28. Abrëll leet Follgendes fest:

Mir, Charlotte [...]: Am Wonsch, Eise léiwe Fils, Seng Kinneklech Altesse den Ierfgroussherzog Jean, an d’Ausübung vun Eise Prerogativen anzebezéien: Am Wëllen, fir dësen Zweck vum Recht Gebrauch ze maachen, dat Eis opgrond vun Artikel 42 vun der Verfassung virbehalen ass [...]; hunn et fir gutt befonnt a beschloss: Eise léiwe Fils, Seng Kinneklech Altesse den Ierfgroussherzog Jean, zu Eisem Lieutenant-Représentant ze ernennen.

Dräi Joer duerno, den 12. November 1964, iwwerhëlt de Jean den Troun vu senger Mamm a gëtt esou den éischte männleche Grand-Duc vu Lëtzebuerg zanter dem Guillaume IV. am Joer 1905.

© Photothèque de la Ville de Luxembourg / Tony Krier

© Photothèque de la Ville de Luxembourg / Tony Krier

© Photothèque de la Ville de Luxembourg / Tony Krier

© Photothèque de la Ville de Luxembourg / Tony Krier

Chronik vun enger Herrschaft

De 36 Joer laange Règne vum Grand-Duc Jean - vun 1964 bis an d’Joer 2000 - ass vun der Moderniséierung vu Lëtzebuerg gepräägt. Den Trounwiessel markéiert d’Fortsetzung vun enger Ära vu politescher Stabilitéit an Eenegung, souwuel um nationalen ewéi och um europäesche Plang.

Photothèque de la Maison grand-ducale © photographe inconnu

Source : Collection photographique de la Maison grand-ducale

© Jean Weyrich

Source : Collection photographique de la Maison grand-ducale

Als Staatschef vertrëtt de Jean säi Land bei sëllege Staatsvisitten oder offiziellen Uläss am Ausland oder zu Lëtzebuerg. Am Laf vu senger Regierungszäit waren dat der ronn sechzeg, dorënner déi am Vatikan an a Brasilien (1965), an der Belsch (1967), an England (1972), an der UdSSR (1975), a China (1979), an Amerika (1984) an a Japan (1999). Bei senger Visitt an England gëtt hien zum Ritter vum Order of the Garter geschloen, wat déi héchst brittesch Éierenauszeechnung ass.

Source : Collection photographique de la Maison grand-ducale

1985 empfänken de Jean an d’Joséphine-Charlotte zu Lëtzebuerg de Poopst Jean-Paul II. - eng Visitt, déi fir d’kathoulesch Bevëlkerung vum Land eng grouss symbolesch Bedeitung huet. Als Vertrieder vu sengem Land kritt de Grand-Duc Jean 1986 de Karlspräis, als Unerkennung fir den Engagement vu Lëtzebuerg am europäeschen Integratiounsprozess. 1990 huet hien des Weidere virum Europäesche Parlament déi fest Ënnerstëtzung vu Lëtzebuerg fir e vereenegt a kooperatiivt Europa bekräftegt.

Zeremonie vun der Iwwerreechung vum Karlspräis un de Grand-Duc Jean, 1986

Zeremonie vun der Iwwerreechung vum Karlspräis un de Grand-Duc Jean, 1986

Photothèque de la Maison grand-ducale, © photo : Lothar Schaack / tous droits réservés

Wärend sengem ganze Règne leet de Grand-Duc Jean ëmmer vill Wäert op d’Verbonnenheet mat der lëtzebuergescher Bevëlkerung, wéi zum Beispill seng Visitt an de Katastrophegebidder no de schwéieren Iwwerschwemmungen am Land am Joer 1993 weist. Seng berouegend an zudéifst mënschlech Presenz bitt den Affer deen Trouscht, dee si brauchen. A senge Joresusprooche schwätzt hien Theemen ewéi Mënscherechter, Jugend, Wirtschaft, Ëmwelt, national Identitéit an europäesch Eenegung un. Op eng bescheiden Aart a Weis, an nawell am Bewosstsi vun den aktuelle gesellschaftlechen Erausfuerderungen, insistéiert hien, wéi wichteg et ass, d’Kultur an d’Wäerter vum Land oprecht ze erhalen. Um politesche Plang begleet de Grand-Duc Jean d’Regierungswiessele mat roueger Hand a superviséiert de Muechtwiessel tëschent de Premiere Gaston Thorn am Joer 1974, Pierre Werner am Joer 1979, Jacques Santer am Joer 1984 a Jean-Claude Juncker am Joer 1995.

Luxembourg Cup Final, 1981

Photothèque de la Maison grand-ducale, © photographe inconnu

D’Joer 1990 markéiert de Centenaire vun der nationaler Lëtzebuerger Dynastie. Zum Programm vun de Festivitéiten zielen d’Aweiung vum Monument vun der Grande-Duchesse Charlotte op der Clairefontaine-Plaz an eng Zeremonie zu Weilburg a Presenz vun der Kinnigin Beatrix vun Holland, déi d’dynastesch Verbindungen tëschent deenen zwee Herrscherhaiser ënnersträicht. 

D’Enn vu sengem Règne war da schliisslech och vun de Commemoratioune vum Zweete Weltkrich gepräägt: Sou ass hien zum Beispill bei de Feierlechkeete fir de 50. Joresdag vum Generalstreik vun 1942 derbäi an hëlt un den Zeremonien am Kader vun der Landung an der Normandie am Joer 1944 deel - wou hien deen eenzege Staatschef ass, deen am Zweete Weltkrich gekämpft hat.

Engagement fir d’Scouten

Iwwer 80 Joer laang huet de Grand-Duc Jean eng enk Verbindung mam Scoutismus ënnerhalen. Den 12. Februar 1939 gëtt de Prënz Jean groussherzogleche Kommissär vun de Lëtzebuerger Scouten; den 28. Oktober 1945, kuerz nom Enn vum Zweete Weltkrich, gëtt hien zum Chef-Scout ernannt.

© Leon Buck

An dëser Eegenschaft presidéiert hie sëlleg Sëtzunge vum Conseil vun der Luxembourg Boy Scout Association (LBSA) an hëlt u ville Manifestatiounen an Aktivitéite vun de Scouten deel, dorënner besonnesch de Jubica 82, en internationale Camp, deen zu Betzder iwwer dräidausenddräihonnert Scouten aus véieranzwanzeg Länner a véier Kontinenter zesummebréngt. 1995 gëtt hien “als Unerkennung fir aussergewéinlech Leeschtungen” mam bronzene Wollef ausgezeechent, déi héchsten Auszeechnung, déi de Kommitee vun der Weltorganisatioun vun de Scoute ka verginn.

De Grand-Duc Jean 1982

1982: De Grand-Duc Jean bei engem Treffe vun de Scouten

© Jubica FNEL

De Prënz Jean an der Scoutsuniform

1958: De Prënz Jean an der Scoutsuniform am Schlass zu Betzder

© Privatkollektioun

Source : Collection photographique de la Maison grand-ducale

Ofdankung a Réckzuch op Fëschbech

De Grand-Duc Jean hält um Virowend vu senger Ofdankung eng Ried

De Grand-Duc Jean hält um Virowend vu senger Ofdankung eng Ried

© SIP

De 7. Oktober 2000 dankt de Grand-Duc Jean zu Gonschte vu sengem Fils Henri of an zitt sech zesumme mat senger Fra, der Grande-Duchesse Joséphine Charlotte, op Schlass Fëschbech zeréck, wou si am Januar 2005 am Alter vu 77 Joer stierft.

De Grand-Duc Jean vertrëtt Lëtzebuerg weiderhi bei groussen Evenementer, wéi der Commemoratioun vum siwwenzegste Joresdag vun der Landung an der Normandie de 6. Juni 2014 zu Ouistreham.

Grand-Duc Jean bewonnert e Villchen

© Privatkollektioun Maison grand-ducale

Als groussen Naturfrënd interesséiert de Jean sech besonnesch fir Ëmweltproblemer an de Schutz vu Fauna a Flora. Säi Récktrëtt erlaabt him, duerch Lëtzebuerg ze fueren, fir Kierchen a Kapellen ze besichen, an och vill an de Wéngerte laanscht d’Musel an an de Bëscher spadséieren ze goen. Zu senge Liblingsplazen zielen d’Naturschutzgebitt vu Remerschen, wou hie mat grousser Faszinatioun wëll Vulle beobacht, an d’Misärsbréck zu Esch-Sauer mat hirer wonnerbarer Vue op de Stauséi. Hie suivéiert leidenschaftlech gär den Tour de Luxembourg am Cyclissem a beschäftegt sech mat Fotografie a Molerei.

95. Gebuertsdag vum Grand-Duc Jean

Feierlechkeeten an der Philharmonie am Kader vum 95. Gebuertsdag vum Grand-Duc Jean

© SIP / Jean-Christophe Verhaegen

Am Januar 2016 gëtt säi fënnefannonzegste Gebuertsdag grouss gefeiert; e puer Honnert Perséinlechkeeten, Vertrieder aus der Politik, der Wirtschaft an der Kultur a vun anere Kinnekshaiser huelen um Galaconcert deel, deen him zu Éieren an der Philharmonie stattfënnt.

Hie stierft den 23. Abrëll 2019 un de Follge vun enger Longenentzündung. Eng grouss, stëll Mass vu Leit defiléiert am groussherzogleche Palais, wou hien opgeboort ass, fir him déi lescht Éier ze erweisen. De Grand-Duc Jean rout un der Säit vu senger Fra, der Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte, an der groussherzoglecher Krypta zu Lëtzebuerg.

© Cour grand-ducale / Sophie Margue

Begriefnis vum Grand-Duc Jean

© Cour grand-ducale / Claude Piscitelli

Begriefnis vum Grand-Duc Jean

© SIP / Emmanuel Claude

Fotoe vum Grand-Duc Jean

1934: D'Kanner vun der groussherzoglecher Famill

© Ed Kutter

Déi groussherzoglech Famill

© Aloyse Anen

De Prënz Félix, de Sir Winston Churchill an de Prënz Jean

© Bertogne

1947: Vakanz am Schnéi

© Privatkollektioun

De Prënz Jean an d'Prinzessin Joséphine-Charlotte

© Albert Becker / Pol Aschman

De Prënz Jean, d'Prinzessin Joséphine-Charlotte an d'Prinzessin Marie-Astrid

© Pol Aschman

Gebuert vum Prënz Henri

© Pol Aschman

De Grand-Duc Jean an de Prënz Henri

© Ed Kutter

De Prënz Jean an der Scoutsuniform

© Privatkollektioun

De Grand-Duc Jean mat den Zwillingen, dem Prënz Jean an der Prinzessin Margaretha

© Tony Krier

D'Grande-Duchesse Charlotte mat hire sechs Kanner

© Privatkollektioun

De Grand-Duc Jean mat de Prënze Jean an Henri

© Privatkollektioun

Déi groussherzoglech Famill

© Paris Match

Familljefoto am Schlass zu Bierg

© Tony Krier

Déi groussherzoglech Famill

© Tony Krier / Albert Becker

D'Grande-Duchesse Charlotte, de Grand-Duc Jean, de Prënz Henri an d'Prinzessin Maria Teresa

© Privatkollektioun

De Grand-Duc Jean 1982

© Jubica FNEL

© Privatkollektioun

Familljefoto

© Jochen Herling

De Grand-Duc Jean an d'Grande-Duchesse Joséphine Charlotte

© Jochen Herling

Déi groussherzoglech an déi ierfgroussherzoglech Koppel

© Reginald Davis

St Patrick's Day 2000

© Luxpress

Visitt vun der Ausstellung "Grande-Duchesse Charlotte"

© Privatkollektioun

95. Gebuertsdag vum Grand-Duc Jean

© SIP / Jean-Christophe Verhaegen

Portrait vum Grand-Duc Jean

© Guy Wolff

Bestuet mat

Jong / Duechter vun

Kanner

De Grand-Duc Henri

De Prënz Guillaume vu Lëtzebuerg

D’Prinzessin Margaretha vu Lëtzebuerg

De Prënz Jean vu Lëtzebuerg

D’Prinzessin Marie-Astrid vu Lëtzebuerg

Frères/Sœurs

D’Prinzessin Élisabeth vu Lëtzebuerg

D’Prinzessin Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg

D’Prinzessin Marie-Gabrielle vu Lëtzebuerg

De Prënz Charles vu Lëtzebuerg

D’Prinzessin Alix vu Lëtzebuerg