Direkt op den Haaptinhalt

Biografie

Mat hirem Flichtbewosstsinn an hirem karitativen Engagement huet si déi zäitgenëssesch Geschicht vu Lëtzebuerg nohalteg markéiert.

Déi belsch Prinzessin Joséphine-Charlotte gëtt den 11. Oktober 1927 als eelsten Duechter vum Kinnek Léopold III. an der Kinnigin Astrid vu Schweden op Schlass Stuyvenberg zu Bréissel gebuer. Hir Kandheet ass déif gepräägt vum fréizäitegen Doud vun hirer Mamm, déi am Joer 1935 bei engem Autosaccident ëm d’Liewe kënnt, an duerno vun den dramateschen Evenementer vum Zweete Weltkrich. Si gouf vun den Nazie mat hirer Famill an Däitschland an a Polen deportéiert a verbréngt hir Jugend an der Ongewëssheet vum Exil.

Bestuet mat

Kanner

De Grand-Duc Henri

De Prënz Guillaume vu Lëtzebuerg

D’Prinzessin Margaretha vu Lëtzebuerg

De Prënz Jean vu Lëtzebuerg

D’Prinzessin Marie-Astrid vu Lëtzebuerg

© SIP

Jugend an Educatioun

D'Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte

D'Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte

© Kollektioun vun der Maison grand-ducale de Luxembourg

Nom Krich setzt d’Prinzessin hir Studien zu Genf fort, wou si sech besonnesch fir Sozialwëssenschaften a Sproochen interesséiert. Den humanistesche Charakter vun hire Studie verstäerkt hiren Interessi fir Froen aus dem sozialen an dem edukative Beräich, an deene si sech spéider aktiv engagéiere wäert. Hir Jugend ass vu grousser Onsécherheet gepräägt, besonnesch wat d’“Kinneksfro” ugeet, déi déi belsch Monarchie nom Enn vum Zweete Weltkrich elle matgeholl huet. Nodeems awer d’Monarchie an der Belsch confirméiert gouf, stäerken dës Erfarungen hiert Flichtbewosstsinn a beaflossen hire Positionnement als eng Grande-Duchesse, déi Stabilitéit garantéiert.

Source : Collection photographique de la Maison grand-ducale

Bestietnes mam Prënz Jean

De Prënz Jean an d'Prinzessin Joséphine-Charlotte

Prënzenhochzäit: De Prënz Jean an d'Prinzessin Joséphine-Charlotte

© Kollektioun vun der Maison grand-ducale de Luxembourg

Den 9. Abrëll 1953 bestit si den Ierfgroussherzog Jean vu Lëtzebuerg, dee si bei engem Besuch bei hirer Giedel, der Grande-Duchesse Charlotte, kenne geléiert hat. Hir Hochzäit, déi an der Kathedral vu Lëtzebuerg gefeiert gëtt, ass net nëmmen en dynastescht Evenement, mee och d’Symbol vun engem Rapprochement tëschent zwou europäesche Monarchien. D’Koppel kritt fënnef Kanner: d’Marie-Astrid (1954), den Henri (1955), de Jean (1957), d’Margaretha (1957) an de Guillaume (1963).

© Collection photographique de la Maison grand-ducale / Edouard Kutter

Eng aktiv Presenz un der Säit vum Grand-Duc Jean

Nodeem de Grand-Duc Jean am Joer 1964 op den Troun koum, engagéiert d’Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte sech mat groussem Asaz a ville sozialen, kulturellen a karitativen Aktivitéiten a setzt domat hiren Engagement, dee si schonn als Ierfgroussherzogin agaange war, fort.

Déi groussherzoglech Koppel op offizieller Visitt a Groussbritannien

1972: Déi groussherzoglech Koppel op offizieller Visitt a Groussbritannien

© Kollektioun vun der Maison grand-ducale de Luxembourg

Hir besonnesch Opmierksamkeet gëllt de Beräicher fréi Kandheet, Gesondheet, Educatioun a lokaalt Handwierk. Sou besicht si reegelméisseg Spideeler, Crèchen, Altersheemer an Zentere fir handicapéiert Persounen, dacks wäit ewech vun de Kameraen a vum Protokoll.

D’Grande-Duchesse spillt och eng wichteg diplomatesch Roll bei der Representatioun vu Lëtzebuerg am Ausland. Un der Säit vun hirem Mann hëlt si u sëllege Staatsvisitten deel: a Brasilien, am Vatikan, am Vereenegte Kinnekräich, a China, a Japan oder och nach an Amerika. D’Koppel ass allgemeng unerkannt wéinst hirer Dignitéit, hirem zeréckhalende Wiesen an der Modernitéit, mat där si eng Monarchie am Déngscht vun der Natioun vertrëtt.

1967 - Visite d'État au Royaume des Pays-Bas

Source : Collection photographique de la Maison grand-ducale

E Liewen tëschent Kultur, Famill a Flicht

Als ggrouss Libhaberin vu Konscht ënnerstëtzt d’Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte aktiv d’Lëtzebuerger Kulturzeen.

D'Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte

D'Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte an hirer Guiden-Uniform

© Kollektioun vun der Maison grand-ducale de Luxembourg

Si fërdert jonk Kënschtler an ass Presidentin vu verschiddene Kommiteeën am Kulturberäich. Och vun der floraler Konscht ass si passionéiert an organiséiert all Joer op Schlass Bierg Ausstellungen, bei deene si Natur, Ästheetik a Kulturierwe matenee vermëscht. Zu hirer Éier dréit d’Philharmonie, déi 2005 ageweit gouf, dann och den offiziellen Numm “Salle de Concerts Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte”.

Source : Collection photographique de la Maison grand-ducale

An hirer Famill leet si vill Wäert drop, hire Kanner Wäerter ewéi Bewosstsi fir Verantwortung an Déngscht fir d’Allgemengheet ze vermëttelen, ganz am Aklang mat der nassauescher Devis “Je maintiendrai”. Esou engagéiert sech d’Prinzessin Marie-Astrid zum Beispill als Infirmière an humanitäre Missiounen a schafft am Joer 1975 ënner anerem a Spideeler am Ruanda. 

An den 1980- an 1990er-Jore setzt d’Grande-Duchesse hiren Engagement fort, obwuel si ëmmer méi gesondheetlech Problemer huet. Si hëlt un de groussen nationalen an internationale Commemoratiounen an och un der Visitt vum Poopst Jean-Paul II. zu Lëtzebuerg deel.

© Osservatore Romano / Arturio Mari

Dem Joséphine-Charlotte hiert Vermächtnis

De Grand-Duc Jean an d'Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte

De Grand-Duc Jean an d'Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte

© Kollektioun vun der Maison grand-ducale de Luxembourg

© Collection photographique de la Maison grand-ducale

Am Joer 2000, nodeem de Grand-Duc Jean zu Gonschte vu sengem Fils Henri ofgedankt huet, zitt d’Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte sech mam Grand-Duc op Schlass Fëschbech zeréck. Si féiert hei en diskreet Liewen, dat ganz am Zeeche vun hire kënschtleresche Passiounen an hirer Famill steet. Den 10. Januar 2005 stierft si am Alter vu 77 Joer. Hiren Doud léist am ganze Land grouss Betraffenheet aus.

© SIP / Luc Deflorenne

D’Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte rout un der Säit vun hirem Mann an der groussherzoglecher Krypta an der Kathedral Notre-Dame. Si bleift als eng elegant, kultivéiert Fra an Erënnerung, déi sech mat Häerz a Séil fir d’Wuel vun der Allgemengheet engagéiert huet. Mat hirem Flichtbewosstsinn an hirem karitativen Engagement huet si déi zäitgenëssesch Geschicht vu Lëtzebuerg nohalteg markéiert.

De Grand-Duc Jean an d'Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte

De Grand-Duc Jean an d'Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte

© Kollektioun vun der Maison grand-ducale de Luxembourg

Fotoe vun der Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte

De Prënz Jean an d'Prinzessin Joséphine-Charlotte

© Kollektioun vun der Maison grand-ducale de Luxembourg

De Prënz Jean an d'Prinzessin Joséphine-Charlotte

© Kollektioun vun der Maison grand-ducale de Luxembourg

De Grand-Duc Jean an d'Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte

© Kollektioun vun der Maison grand-ducale de Luxembourg

De Prënz Jean an d'Prinzessin Joséphine-Charlotte

© Kollektioun vun der Maison grand-ducale de Luxembourg

D'Grande-Duchesse Charlotte, de Prënz Félix, de Prënz Jean an d'Prinzessin Joséphine-Charlotte

© Kollektioun vun der Maison grand-ducale de Luxembourg

Déi groussherzoglech Famill

© Kollektioun vun der Maison grand-ducale de Luxembourg

Déi groussherzoglech Famill

© Kollektioun vun der Maison grand-ducale de Luxembourg

Déi groussherzoglech Famill am Schlass vu Bierg

© Kollektioun vun der Maison grand-ducale de Luxembourg

D'Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte

© Kollektioun vun der Maison grand-ducale de Luxembourg

Familljefoto virum Schlass zu Fëschbech

© Kollektioun vun der Maison grand-ducale de Luxembourg

Déi groussherzoglech Famill am Gaart vum Schlass vu Bierg