
De Prënz Félix vu Bourbon-Parma
Gebuer 28 September 1893
zu Schwarzau am Steinfeld, Éisträich
Biografie
Säi Bewosstsi fir seng Flicht z‘erfëllen a säin Engagement fir d’Onofhängegkeet vu senger Walheemecht maachen hien zu enger markanter Perséinlechkeet an der zäitgenëssescher Geschicht vum Land.
De Prënz Félix vu Bourbon-Parma, gebuer den 28. September 1893 op Schlass Schwarzau am Steinfeld an Nidderéisträich, ass dat uechtzéngt vun de véieranzwanzeg Kanner vum Herzog Robert vu Parma, deen zanter dem Verloscht vu sengem Troun no der italieenescher Eenegung am Exil lieft. Den Herzog deelt seng Zäit mat de Membere vu senger grousser Famill tëschent senge Residenzen an Italien, a Frankräich an am éisträichesch-ungaresche Räich op.
Bestuet mat
Kanner
De Grand-Duc Jean
D’Prinzessin Alix vu Lëtzebuerg
De Prënz Charles vu Lëtzebuerg
D’Prinzessin Marie-Gabrielle vu Lëtzebuerg
D’Prinzessin Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg
D’Prinzessin Élisabeth vu Lëtzebuerg
© Collection photographique de la Maison grand-ducale
Kandheet an Ausbildung
De Prënz Félix, deen an engem kosmopoliteschen a méisproochege Milieu opwiisst, schwätzt vill verschidde Sproochen: Mat senger Mamm, der Prinzessin Maria Antonia vu Bragança, huet hien Däitsch a Portugisesch geléiert, wärend säi Papp him Franséisch an Italieenesch bäibruecht huet. Seng Schoulzäit verbréngt de Prënz a jesuittesche Schoulen, ënner anerem zu Mödling, engem Viruert vu Wien, wou hien seng Matura, den Equivalent vum Premièresdiplom, kritt. 1913 studéiert hien um “Stonyhurst College” an England, wou hien seng Kenntnisser vun der englescher Sprooch verdéift.
De Prënz Félix mat senge Geschwëster
© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg
Militäreschen Engagement am Éischte Weltkrich
Wou am August 1914 den Éischte Weltkrich ausbrécht, engagéiert de Félix sech an der éisträichesch-ungarescher Arméi, fir deem Land ze déngen, dat seng Famill am Exil opgeholl huet a mat deem hien nom Bestietnes vu senger Schwëster, der Erzherzogin Zita, mam Erzherzog Karl, dem Trounfollger vun Éisträich-Ungarn, verbonnen ass. Trotzdeem biet hien drëm, net géint Frankräich kämpfen ze mussen, well hien opgrond vu senge bourboneschen Originnen un dat Land attachéiert ass an zwee vu senge Bridder sech an der Arméi vun dësem Land engagéiere wëllen. Hien déngt doropshin am 15. Dragonerregiment un der Ostfront.
Am November 1917 rett hie säi Schwoer Karl, deen elo Keeser vun Éisträich ass, op enger Autostour an der Regioun vu Goritz virum Erdrénken. Dëst dramatescht Erliefnes verstäerkt weider d’Verbindung, déi schonn tëschent deenen zwee Schwoere bestanen huet, an erkläert, wéi no sech déi keeserlech Koppel an déi groussherzoglech Famill vu Lëtzebuerg spéiderhi stinn.
Bestietnes mat der Grande-Duchesse Charlotte
© Collection photographique de la Maison grand-ducale / Edouard Kutter
De 6. Oktober 1918 verlobe sech de Prënz Félix an d’Prinzessin Charlotte. De Félix verléisst d’Arméi am November 1918 a gëtt trotz Retizenzen opgrond vu sengem militäreschen Engagement op der Säit vun Éisträich-Ungarn kuerz viru senger Hochzäit mam Charlotte, déi elo Grande-Duchesse ass, als Lëtzebuerger naturaliséiert.
Hiert Bestietnes gëtt de 6. November 1919 an der Kathedral Notre-Dame vu Lëtzebuerg gefeiert. De Prënz gëtt vu senger Fra, déi him e Statut an eng ëffentlech Roll un hirer Säit gi wëll, zum Prince Consort ernannt.
© Collection photographique de la Maison grand-ducale / Edouard Kutter
Tëschent den zwee Weltkricher
An der Zäit tëschent den zwee Weltkricher iwwerhëlt de Prënz Félix verschidden Éierenämter: sou gëtt hien 1920 Kolonell vun der Compagnie des Volontaires an 1923 President vum Lëtzebuerger Roude Kräiz.
Source : Collection photographique de la Maison grand-ducale
Hien ënnerstëtzt d’Grande-Duchesse bei der Verwaltung vum Haff a bei hire protokollareschen Aufgaben, besonnesch dann, wann d’Grande-Duchesse wéinst hire Schwangerschaften net dozou an der Lag ass.
Aus hirem Bestietnes gi sechs Kanner ervir: den Ierfgroussherzog Jean, d’Prinzessin Elisabeth, d’Prinzessin Marie-Adélaïde, d’Prinzessin Marie Gabrielle, de Prënz Charles an d’Prinzessin Alix.
Déi groussherzoglech Famill
© Kollektioun vun der Maison grand-ducale de Luxembourg
Exil an Engagement am Zweete Weltkrich
1939 vertrëtt de Prënz Félix d’Land bei der Weltausstellung zu New York, wou hien éischt Kontakter mam amerikanesche President Franklin Delano Roosevelt knëppt, deen d’groussherzoglech Koppel 1940 no der Invasioun vu Lëtzebuerg duerch déi däitsch Truppen a sengem Land ophëlt.
Source : Collection photographique de la Maison grand-ducale
Wärend dem Exil begleet de Prënz Félix d’Grande-Duchesse Charlotte bei hire Visitte bei der lëtzebuergescher Gemeinschaft an Amerika an am Vereenegte Kinnekräich.
Vun 1942 u lieft hien zu London, engagéiert sech an der brittescher Arméi a gëtt do Verbindungsoffizéier, fir d’éischt beim “Northern Command”, duerno beim “21st Army Group”. Hie kollaboréiert besonnesch mat der 2. franséischer Panzerdivisioun vum Generol Leclerc an hëlt u senger Säit un der Befreiung vu Paräis deel.
Source : Collection photographique de la Maison grand-ducale
Source : Collection photographique de la Maison grand-ducale
De Prënz Félix a säi Jong, de Prënz Jean, sinn am September 1944 bei der Befreiung vu Lëtzebuerg derbäi a stellen d’Transitioun bis zum Retour vun der Grande-Duchesse aus dem Exil sécher. Als President vum Roude Kräiz befaasst hie sech an där Zäit haaptsächlech mat der Sich no vermësste Persounen a reest, an der Hoffnung, seng Bridder Franz Xaver a Ludwig ze fannen, am Abrëll 1945 an d’Lager op Dachau.
Nom Krich dréit de Prënz Félix zum Opbau vun enger Lëtzebuerger Arméi bäi, vun där hie vun 1945 bis 1967 Generalinspekter ass. Vun 1937 bis 1951 a vun 1961 bis 1969 ass hien och Member vum Staatsrot.
Source : Collection photographique de la Maison grand-ducale
© Photohall BERTOGNE
Source : Collection photographique de la Maison grand-ducale
Source : Collection photographique de la Maison grand-ducale
Source : Collection photographique de la Maison grand-ducale
D'Ierwe vum Prënz Félix
© Collection privée de la Cour grand-ducale
No der Ofdankung vun der Grande-Duchesse Charlotte am Joer 1964 zitt de Prënz Félix sech un hirer Säit op Schlass Fëschbech zeréck. Hei stierft hien den 8. Abrëll 1970 am Alter vu 76 Joer. Bäigesat gëtt hien an der Krypta vun der Kathedral vu Lëtzebuerg.
© Lé Siebenaler / Revue
Och wann hien am Verglach zu senger Fra am Hannergrond stoung, huet de Prënz Félix eng wichteg Roll am institutionelle Liewe vum Land gespillt. Säi Bewosstsi fir seng Flicht z‘erfëllen a säin Engagement fir d’Onofhängegkeet vu senger Walheemecht maachen hien zu enger markanter Perséinlechkeet an der zäitgenëssescher Geschicht vum Land.
© Photothèque de la Ville de Luxembourg / Tony Krier
