
D’Grande-Duchesse Charlotte
Biografie
Mat méi ewéi fënnefavéierzeg Joer um Troun ass hir Herrschaft déi längsten – a vläicht déi markantsten – an der Geschicht vun eiser nationaler Dynastie.
D’Grande-Duchesse Charlotte, eng emblematesch Figur vun der Monarchie, ass ontrennbar mat der Lëtzebuerger Onofhängegkeet verbonnen – vum Referendum vun 1919 iwwer d’Befreiung vun 1944 bis zu der floréierender Nokrichszäit. Mat méi ewéi fënnefavéierzeg Joer um Troun ass hir Herrschaft déi längsten – a vläicht déi markantsten – an der Geschicht vun eiser nationaler Dynastie.
Bestuet mat
Jong / Duechter vun
Kanner

De Grand-Duc Jean

D’Prinzessin Alix vu Lëtzebuerg

De Prënz Charles vu Lëtzebuerg

D’Prinzessin Marie-Gabrielle vu Lëtzebuerg

D’Prinzessin Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg

D’Prinzessin Élisabeth vu Lëtzebuerg
Frères/Sœurs

D’Grande-Duchesse Marie-Adélaïde

D’Prinzessin Hilda vu Lëtzebuerg

D’Prinzessin Antonia vu Lëtzebuerg

D’Prinzessin Élisabeth vu Lëtzebuerg

D’Prinzessin Sophie vu Lëtzebuerg

Portrait vun der Grande-Duchesse Charlotte
© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg
Jugend a Charakter
D’Charlotte gouf den 23. Januar 1896 als zweet Duechter vum Ierfgroussherzog Guillaume an der Ierfgroussherzogin Marie-Anne gebuer. Hir Kandheet, déi zwar vun der Krankheet vun hirem Papp gepräägt war, gëtt als glécklech beschriwwen. D’Charlotte zeechent sech besonnesch duerch hir Oppenheet géintiwwer anere Persounen an duerch hir Einfachheet aus, Charakterzich, déi sech staark vun deene vun hirer méi zeréckhalender eelerer Schwëster Marie-Adelaïde ënnerscheeden.

Source : Collection photographique de la Maison grand-ducale
Vu Klengem un trëtt d’Charlotte an der Ëffentlechkeet op, esou zum Beispill beim Blummefest, dat vum Comité “Luxembourg-Attractions“ organiséiert gouf, oder och nach bei der Aweiung vum Monument zum Gedenken un den Adolph zu Wiesbaden. Kuerz nodeem den Troun am Joer 1912 op d’Marie-Adelaïde iwwergaangen ass, ass déi groussherzoglech Famill mat staarke politesche Spannungen a mat den Ëmwälzungen am Zesummenhang mam Amarsch vun den däitschen Truppen am August 1914 konfrontéiert. De Krich zwéngt d’Charlotte, sech mat der Realitéit vun de politeschen Intrigen auserneenzesetzen, e Beweis dofir ass zum Beispill en ofgefaangenen Telegramm vum Prënz Félix vu Bourbon-Parma, hire spéidere Mann, dee vun der parlamentarescher Oppositioun mëssbraucht gouf, fir si ze diskreditéieren.
Iwwerhuele vum Troun
De Referendum vun 1919 bestätegt d’Verbonnenheet vun der Bevëlkerung mat der Monarchie a festegt d‘Legitimitéit vum Charlotte hirer Herrschaft.

Source : Collection photographique de la Maison grand-ducale
No der Ofdankung vun hirer Schwëster gëtt d’Charlotte de 14. Januar 1919 am Alter vun nëmmen 23 Joer Grande-Duchesse vu Lëtzebuerg. D’Regierung Reuter hofft, mat dëser neier Herrscherin d’Spannunge souwuel am Land wéi och um internationale Plang ze entschäerfen, nodeem d’Muechte vun der Entente hiert Mësstrauen opgrond vun de scheinbar pro-däitsche Sympathië vum Marie-Adelaïde zum Ausdrock bruecht haten.

Source : Collection photographique de la Maison grand-ducale
D’Charlotte, huet sech dozou entschloss, d’Lëtzebuerger nees mateneen ze versönen. Si ass mat enger delikater politescher Situatioun konfrontéiert: Den Ufank vun hirer Herrschaft ass markéiert vu groussen Erausfuerderungen, engersäits den annexionistesche Pretentioune vun der Belsch, anerersäits engem republikaneschen Afloss a gewësse Milieue vun der Bevëlkerung. Trotz dësen Hindernisser bestätegt de Referendum vun 1919 d’Verbonnenheet vun der Bevëlkerung mat der Monarchie a festegt d‘Legitimitéit vum Charlotte hirer Herrschaft.
Bestietnes an eng Popularitéit di wisst
D’Bestietnes vum Charlotte mam Prënz Félix vu Bourbon-Parma ass e gréissert perséinlecht a gesellschaftlecht Evenement. D’Hochzäit, déi wéinst dem Prënz senge Verbindunge mat Éisträich an Däitschland op de Widderstand vu Frankräich a vun der Belsch gestouss war an dofir verréckelt gouf, gëtt schliisslech de 6. November 1919 an der Kathedral vu Lëtzebuerg gefeiert.

Source : Collection photographique de la Maison grand-ducale

Foto vum Prënz Félix; vun der Grande-Duchesse Charlotte virum Fielsendoum zu Jerusalem, enger vun de Statioune vun hirer Hochzäitsrees
© Privatkollektioun Cour grand-ducale
Dëst Bestietnes ass immens wichteg, fir de Fortbestand vun der Dynastie ze sécheren, a markéiert déi international Unerkennung vum Charlotte hirer Herrschaft. Trotz dem eendeitege Resultat vum Referendum bleift d’international Unerkennung vun der Grande-Duchesse als Staatscheffin nämlech weiderhin ongewëss. Bei der Hochzäit awer schéckt dat brittescht Kinnekshaus onerwaart en offizielle Vertrieder, fir bei de Feierlechkeeten derbäi ze sinn, a leet mat dësem Gest de Prozess vun der Unerkennung vum monarchesche Lëtzebuerger Regime an d’Weeër.

Source : Collection photographique de la Maison grand-ducale

Source : Collection photographique de la Maison grand-ducale
Déi groussherzoglech Koppel installéiert sech op Schlass Bierg, wou hiert éischt d’Kand, de Prënz Jean, de 5. Januar 1921 op d’Welt kënnt. Zesumme mat hirem Mann an op de wuel iwwerluechte Rot vun hirem Premier, dem Emile Reuter, hi setzt d’Grande-Duchesse sech aktiv dofir an, d’Monarchie ze moderniséieren a se méi déif an der Lëtzebuerger Identitéit ze verankeren. Esou entléisst d’Charlotte déi däitsch Würdenträger aus hirem Hofstaat an ersetzt se duerch Lëtzebuerger. Hir virsiichteg Approche an hir perséinlech Beméiungen droen och zu der Versönung vun den opposéierte politesche Lagere bäi, esouguer a Stied ewéi Esch-Uelzecht, an deenen eng republikanesch Gesënnung besteet.

Source : Collection photographique de la Maison grand-ducale

Source : Collection photographique de la Maison grand-ducale

Source : Collection photographique de la Maison grand-ducale
D’Fäegkeet vum Charlotte, eng gewëssen Distanz zu der Politik ze halen, déi national Eenheet ze fërderen a gläichzäiteg hir Muecht an de strikte Limitte vun der Verfassung auszeüben, dréit dozou bäi, datt si ëmmer méi beléift gëtt. Am Fréijoer 1939 hunn d’Lëtzebuerger bei de Feierlechkeete fir den 100. Joresdag vun der Onofhängegkeet d’Geleeënheet, hir déif Verbonnenheet mat der Dynastie a méi genee mat der Grande-Duchesse zum Ausdrock ze bréngen.

D'Grande-Duchesse Charlotte an de Prënz Félix bei enger offizieller Feier um 100. Jubiläum vun der Onofhängegkeet vum Grand-Duché
© Kollektioun Cour grand-ducale
Donieft ënnersträichen offiziell Visitte vun de Weltausstellungen zu Bréissel am Joer 1935 an zu Paräis am Joer 1937 d’Affirmatioun vu Lëtzebuerg op der internationaler Bün. D’Prënze Jean a Félix knëppe bei hirer Visitt vun der Weltausstellung zu New York am Joer 1939 och Kontakter mat den amerikaneschen Autoritéiten, wärend et op der Ostgrenz vum Land zu ëmmer méi Tëschefäll kënnt an den Ugrëff vun den Nazien imminent ass.
Den Zweete Weltkrich an den Exil
D’Regierung ass sech der Gefor vun engem neie Konflikt bewosst an hëlt schonn am Joer 1938 Noutstandsgesetzer un, déi der Grande-Duchesse an hirer Regierung am Fall vun enger Kris déi ganz Muecht iwwerdroen. De Prënz Félix schafft esouguer e Réckzuchsplang fir d’groussherzoglech Famill aus, an deem virgesinn ass, dass si kuerz zu Lasauvage ënnerkommen.

Um Quai an engem portugiseschen Hafen diskutéiert d'Grande-Duchesse Charlotte mat Ministere vun der Lëtzebuerger Exilregierung
© Kollektioun Cour grand-ducale
Mam Ugrëff op Polen den 1. September 1939 léist Nazidäitschland den Zweete Weltkrich aus. Aacht Méint méi spéit, an der Nuecht vum 9. op den 10. Mee 1940, falen déi däitsch Truppen a Lëtzebuerg an. Well d’Offensiv esou séier virukënnt, entscheeden d’Grande-Duchesse, hir Famill an d’Regierung sech fir den Exil a loosse sech fir d’éischt um Schlass La Celle-Saint-Cloud bei Paräis an duerno um Schlass Lamonzie-Montastruc an der Dordogne nidder.
Vu Frankräich aus setze si dann hir beschwéierlech Rees duerch Spuenie bis a Portugal fort, wou de Konsul Manuel Ribeiro do Spirito Santo Silva hinne seng Ënnerstëtzung ubitt. An der Tëschenzäit bekräftegt d’Lëtzebuerger Chamber ënner der Presidence vum Emile Reuter hir Fidelitéit géintiwwer der Grande-Duchesse, der Garantin vun der Lëtzebuerger Onofhängegkeet. Et gëtt bericht, datt si deenen, déi si zu engem Retour op Lëtzebuerg beweege wollten, geäntwert huet:
Mäin Häerz seet Jo, mee mäi Verstand seet Neen.

D’Grande-Duchesse Charlotte

Source : Collection photographique de la Maison grand-ducale
Mat der Interventioun vum amerikanesche President Franklin Delano Roosevelt, deem d’Lëtzebuerger Saach um Häerz läit, hëlt den Exil eng decisiv Tournure. Hie stellt der groussherzoglecher Famill d’Krichsschëff USS Trenton zur Verfügung an erlaabt esou de groussherzogleche Kanner an hirem Papp, Zouflucht an Amerika ze fannen. De 25. Juli 1940 leet d’Schëff zu Annapolis un. A Begleedung vum Joseph Bech, hirem Ausseminister, fiert d’Charlotte an enger éischter Phas op London, wou si sech um Mikro vun der BBC eng éischte Kéier un d’Lëtzebuerger adresséiert.
Bei hirer Arrivée an Amerika am Oktober 1940 kënnt d’Grande-Duchesse nees mat hirer Famill zesummen an installéiert sech duerno a Kanada, e Land, dat méi kompatibel mat der amerikanescher Neutralitéit ass an et gläichzäiteg erméiglecht, enk Verbindunge mat der Lëtzebuerger Diaspora, besonnesch an de Staate vum Mëttlere Westen, oprechtzeerhalen. Zu Montreal gëtt si esou zu engem aktive Symbol vum moralesche Widderstand. 1942 gëtt si an d’Wäisst Haus agelueden a kritt déi perséinlech Ënnerstëtzung vum President, deen d’Roll vu Lëtzebuerg am Nokrichs-Europa ervirhiewt.
Fir d’Ëffentlechkeet fir d’Saach vum Lëtzebuerger Vollek ze sensibiliséieren, ënnerhëlt d’Grande-Duchesse Charlotte doropshin e puer sougenannte Goodwill-Tours an Amerika an a Kanada, bei deene si vill ëffentlech Rieden hält, Interviewen um Radio gëtt an diplomatesch Kontakter knëppt.
Si beandrockt déi nordamerikanesch Press mat hirer Éierlechkeet an Einfachheet, an hiren Engagement dréit dozou bäi, datt Lëtzebuerg am Bewosstsi vun den Alliéierte bleift. Zu hirer Éier ass op engem amerikaneschen Timber, deen 1943 erauskënnt, de Lëtzebuerger Fändel duergestallt.

Januar 1942: Empfang zu Éiere vum Gebuertsdag vun der Grande-Duchesse Charlotte an dem Lëtzebuerger Nationalfeierdag wärend dem britteschen Exil
© Kollektioun Cour grand-ducale

1944: Déi groussherzoglech Koppel beim Ofhuele vun enger Grupp Lëtzebuerger Fräiwëlleger virun der Lëtzebuerger Botschaft zu London
© Kollektioun Cour grand-ducale
Den 10. September 1944 gëtt déi lëtzebuergesch Haaptstad befreit. De Retour vum Prënz Félix a vum Prënz Jean, déi der brittescher Arméi bäigetruede waren, léist bei der Bevëlkerung vill Freed aus. D’Grande-Duchesse Charlotte, déi nach am Ausland ass, gëtt mat grousser Ongedold erwaart. Si kënnt schliisslech de 14. Abrëll 1945 mat engem Fliger, deen de Generol Eisenhower zur Verfügung gestallt huet, op Lëtzebuerg zeréck. Mat hirem Retour, bei deem si vun enger immenser Mënschemass begréisst gëtt, gëtt di national Souveränitéit nees hiergestallt.
Lëtzebuerg huet am Krich gelidde wat d’Land dozou brengt, fir säin Neutralitéitsprinzip opzeginn an eng nei Arméi op d’Been ze stellen. D’Monarchie hirersäits geet gestäerkt aus dësem Konflikt ervir. Verkierpert gëtt si vun der Figur vum Charlotte, déi vun elo un als Stëmm vun der Natioun an als Galiounsfigur vum Widderstand géint den Nazigéigner aus dem Ausland eraus unerkannt ass.

14. Abrëll 1945 – Fluchhafe Findel, de Retour aus dem Exil
Source : Collection photographique de la Maison grand-ducale

Abrëll 1945: Membere vun der groussherzoglecher Famill um Balcon vum groussherzogleche Palais wärend dem triumphale Retour vun der Grande-Duchesse
© Kollektioun Cour grand-ducale

Source : Collection photographique de la Maison grand-ducale

Source : Collection photographique de la Maison grand-ducale

D'Grande-Duchesse Charlotte an de Winston Churchill um Balkon vum Palais an der Stad
© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg
En neie Positionnement fir Lëtzebuerg
Nom Krich gëtt d’Œuvre nationale de secours Grande-Duchesse Charlotte an d’Liewe geruff, fir den Affer vun der Besatzung ze hëllefen. D’Charlotte ënnerhëlt vill Visitten am Land, fir de Leit an den zerstéierten Dierfer, besonnesch an deenen, déi vun der Ardennenoffensiv verwüüst goufen, Trouscht an Hoffnung ze vermëttelen.

D'Grande-Duchesse Charlotte um Balcon vum Palais
© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg
An hirer Ried, déi si de 16. Abrëll 1945 an der Chamber hält, würdegt si de Courage vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung mat dëse Wierder:
Mir wäerten trotz der Zerstéierung an de moralesche Schied duerch d’Jore vun der Ënnerdréckung eng Stad opbauen, déi méi mënschlech, gerecht a bewunnbar ass, virun allem fir d’Aarbechterklassen, déi d’Land mat esou vill Léift, Courage a Verzicht verdeedegt hunn … Ech erneieren den Ausdrock vu mengem Glawen un déi patriotesch Vereenegung vun de Lëtzebuerger. Hand an Hand wäerte mir an d’Zukunft goen.

D’Grande-Duchesse Charlotte
1956 kritt d’Grande-Duchesse vum Poopst Pius XII. déi Gëlle Rous als Unerkennung fir hir déif Spiritualitéit an hiert couragéiert Verhale wärend dem Zweete Weltkrich iwwerreecht. Doriwwer eraus ënnerhëlt si an den 1950er- an 1960er-Joren ëmmer méi offiziell Visitten an d’Ausland, fir d’Stellung vu Lëtzebuerg op der internationaler Bün ze stäerken. Dës Staatsvisitte limitéieren sech net méi op d’Nopeschlänner, mee si féiere bis op déi aner Säit vum Atlantik. Ënner der Herrschaft vum Charlotte engagéiert sech Lëtzebuerg och bei den éischte Schrëtt vum Neesopbau an Europa, ënner anerem mat der Installatioun vum Europäesche Geriichtshaff an der Haaptstad vum Grand-Duché.

© Photothèque de la Ville de Luxembourg / Tony Krier
Lescht Engagementer an Ofdankung
Beim 40. Jubiläum vun hirer Herrschaft am Joer 1959 ënnersträichen d’Zeitungen déi déif Verbonnenheet vun der Grande-Duchesse mat hirem Vollek. D’Politiker ginn an hire Rieden esouguer esou wäit, si als Verkierperung vun der Natioun duerzestellen.

Den Ierfgroussherzog Jean vu Lëtzebuerg beim Virdroe vu senger Ried bei der offizieller Vereedegung als Lieutenant-Représentant vu senger Mamm, der Grande-Duchesse Charlotte
© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg
1961 gëtt dann och den Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg an d’Liewe geruff, fir dem Gefill vun enger nationaler Renaissance, dat zanter dem Enn vum Zweete Weltkrich virherrscht, Rechnung ze droen. Den 28. Abrëll vum selwechte Joer ernennt d’Charlotte hire Jong, den Ierfgroussherzog Jean, zum Lieutenant-Représentant an huet domadder eng progressiv Iwwerdroung vun der Kroun ageleet.
1963 erfëllt d’Grande-Duchesse hir lescht grouss offiziell Engagementer, dorënner am Mee eng Visitt an Amerika, wou si bei de President John F. Kennedy invitéiert ass. Am Oktober gëtt si och vum franséische President Charles de Gaulle empfaangen, deem si hir déif Dankbarkeet ausdréckt:
Datt mir haut hei sinn, erfëllt eist Häerz mat Emotioun, eng Emotioun, déi un e groussen nach ni do gewieschte Gest gebonnen ass, well et ass déi éischte Kéier zanter der onofhängeger Existenz vum Grand-Duché, datt e Lëtzebuerger Staatschef d’Éier huet, offiziell a Frankräich empfaangen ze ginn. An eis Emotioun fléissen och Houfert an Dankbarkeet an. Frankräich, dat fir eis eng vun de gréissten Natioune vun der Welt ass, erkennt mat dësem Gest d’Plaz an déi politesch Roll vu Lëtzebuerg an der Zukunft vun Europa un.

D’Grande-Duchesse Charlotte

© Photothèque de la Ville de Luxembourg / Pol Aschman

© Photothèque de la Ville de Luxembourg / Pol Aschman

© AFP

Lëtzebuerger Staatsvisitt an den USA 1963: D'Grande-Duchesse an den Ierfgroussherzog gi vum amerikanesche President John F. Kennedy empfaangen
© Kollektioun Cour grand-ducale
No 45 Joer Herrschaft kënnegt d’Grande-Duchesse den 21. Mäerz 1964 hir Ofdankung un; den 11. November 1964 riicht si sech un d’Natioun, fir hiert Vertrauen an d’Zukunft vum Land ënner der Leedung vun hirem Jong auszedrécken. Den Dag duerno, den 12. November, fënnt déi formell Ofdankung am groussherzogleche Palais statt, an de Grand-Duc Jean gëtt virun der Chamber vereedegt.

© Photothèque de la Ville de Luxembourg / Tony Krier

© Photothèque de la Ville de Luxembourg / Tony Krier
No hirem Réckzuch op Schlass Fëschbech verbréngt d’Grande-Duchesse Zäit mat hirer Famill a mat hirer Passioun fir Rousen ze ziichten. Si verfollegt weiderhi mat Interessi d’Entwécklung vum Land an hëlt och nach heiansdo u grousse Manifestatiounen deel. 1969 feiert si am Krees vun hire sechs Kanner, deenen hire Conjointen an hire siwenanzwanzeg Enkelkanner, hir Gëllen Hochzäit mam Prënz Félix, deen d’Joer dono stierft.

© Jean Weyrich
Obwuel si sech aus dem ëffentleche Liewen zeréckgezunn huet, bleiwen d’Lëtzebuerger hir ganz verbonnen, an esou gëtt och hiren 80. Gebuertsdag am Joer 1976 am grousse Stil gefeiert. Hire leschten ëffentlechen Optrëtt ass am Mee 1985, wou si de Poopst Jean-Paul II. begéint. Nëmmen e puer Woche méi spéit, den 9. Juli 1985, stierft si am Alter vun 89 Joer. Hiert Begriefnes, e reegelrecht nationaalt Evenement, bréngt sëlleg Memberen aus Kinnekshaiser an europäesch Würdenträger zesummen. Begruewe gëtt si an der groussherzoglecher Krypta vun der Kathedral vu Lëtzebuerg.

13. Juli 1985: Begriefnis vun der Grande-Duchesse Charlotte an der Kathedral Notre-Dame
© Kollektioun Cour grand-ducale
Hir Herrschaft bleift an Erënnerung, well si d’Lëtzebuerger Vollek vereent an d’Onofhängegkeet genee ewéi d’Stabilitéit vum Land geséchert huet.