D'groussherzoglech Famill

D’Grande-Duchesse Marie Anne

Gebuer

13. Juli 1861

zu Bronnbach, Däitschland

La Grande-Duchesse Marie-Anne
© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

Biografie

D'Marie Anne, Grande-Duchesse vu Lëtzebuerg, Herzogin vun Nassau, gebuere Prinzessin vu Bragança, war zanter 1893 mam Ierfgroussherzog Guillaume IV. vu Lëtzebuerg bestuet. Nodeems dësen de 17. November 1905 Grand-Duc gouf, gouf si déi zweet Groussherzogin vu Lëtzebuerg.

D'Koppel krut 6 Kanner:

Si ass den 31. Juli 1942 zu New York gestuerwen.

La Grande-Duchesse Marie-Anne
© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

D'Grande-Duchesse Marie Anne

Fir méi iwwer de Grand-Duc Guillaume IV. gewuer ze ginn

Kandheet a Jugend

D'Marie Anne koum als sechst an zweetjéngst Kand vum fréiere Kinnek Miguel I. vu Portugal, Herzog vu Bragança, deen 1834 säin Troun verluer hat, a senger Fra Adelheid, gebuere Prinzessin vu Löwenstein-Wertheim-Rosenberg op d'Welt.

Vun 1868 u war d'Marie Anne am Pensionnat des Sœurs du Sacré-Cœur zu Montigny-lès-Metz a vun 1875 bis 1879 am Institut de Marie zu Mainz.

La Grande-Duchesse Marie-Anne
© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

D'Grande-Duchesse Marie Anne

Hochzäit an Herrschaft

Am Joer 1884 huet si hiren zukünftege Mann, de Guillaume IV., Ierfprënz vun Nassau kenne geléiert. De Papp vum Guillaume IV., den Adolphe vun Nassau, war awer, wéinst der ënnerschiddlecher Reliounszougehéieregkeet – de Guillaume war Protestant an d'Marie Anne Katholickin - strikt géint dës Bezéiung. 1890 ass den Adolphe Grand-Duc vu Lëtzebuerg ginn, wou de gréissten Deel vun der Bevëlkerung kathoulesch war, wat him et erliichtert huet, d'Decisioun vu sengem Jong ze akzeptéieren. D'Prënzenhochzäit war am Juni 1893, wouropshin d'Marie Anne Ierfgroussherzogin vu Lëtzebuerg gouf a mat hirem Mann op Schlass Bierg liewe gaangen ass.

Kuerz nodeems hien den 22. November 1905 op Schlass Hohenburg a Presenz vun enger Delegatioun aus der Chamber den Eed laut Artikel 5 vun der Verfassung als Grand-Duc geleescht hat, huet de Gesondheetszoustand vum Grand-Duc Guillaume IV., no der Diagnos vun enger schwéierer Krankheet am Januar 1906, ugefaange sech ze verschlechteren. Duerch seng Krankheet war et him laang net méiglech, an de Grand-Duché zeréckzekommen. Eréischt 1908 koum déi groussherzoglech Koppel fir e kuerzen Openthalt op Lëtzebuerg, Zäit genuch fir de Grand-Duc, seng Fra d'Grande-Duchesse Marie Anne zu sengem Lieutenant-Représentant ze ernennen.

La Famille grand-ducale en 1906
© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

1906: Déi groussherzoglech Famill

Zeréck zu Hohenburg gouf si am November vum selwechte Joer zur Regentin gewielt. Si war de facto Staatscheffin vum Grand-Duché bis de Juni 1912, wou hir eelsten Duechter Marie-Adélaïde op den Troun koum. D'Marie Anne ass awer regierungsno bliwwen an huet d'Grande-Duchesse beroden, andeems si Meenungen a Positioune vertratt huet, déi dacks ëmstridde waren an a Fro gestallt goufen.

Nodeems hir zweeteelst Duechter Charlotte am Joer 1919 op den Troun koum, huet si sech op Hohenburg zeréckgezunn.

Le Grand-Duc Guillaume IV et la Grande-Duchesse Marie-Anne

Exil zu New York

Den 10. Mee 1940 goung si, wéi och d’Grande-Duchesse Charlotte, iwwer Frankräich, Spuenien a Portugal op New York, an den Exil. Vun Oktober 1941 un huet si an der Lëtzebuerger Ambassade zu Washington D.C. gewunnt. Si ass no enger Operatioun an enger New Yorker Klinik gestuerwen, a gouf virleefeg an der Krypta vum Calvary-Kierfecht bäigesat. Am Oktober 1947 goufen hir stierflech Iwwerreschter an de Grand-Duché iwwerfouert an an der Krypta vun der Kathedral vu Lëtzebuerg bäigesat.

La Grande-Duchesse Marie-Anne avec ses 6 filles
© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

D'Grande-Duchesse Marie Anne mat hire sechs Duechteren

Fotoe vun der Grande-Duchesse Marie Anne

Familljefoto © Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

Familljefoto

D'Grande-Duchesse Marie Anne an d'Grande-Duchesse Charlotte © Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

D'Grande-Duchesse Marie Anne an d'Grande-Duchesse Charlotte um Balcon vum Palais

D'Grande-Duchesse Marie Anne mat hire Meedercher © Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

D'Grande-Duchesse Marie Anne mat hire Meedercher

D'Grande-Duchesse Marie Anne mat hiren Duechteren © Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

D'Grande-Duchesse Marie Anne mat hiren Duechteren

D'Grande-Duchesse Marie Anne mat hiren Enkelkanner © Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

D'Grande-Duchesse Marie Anne mat hiren Enkelkanner

 

Fir méi gewuer ze ginn :

Fir méi iwwer de Grand-Duc Guillaume IV. gewuer ze ginn