Direkt op den Haaptinhalt

Biografie

Gepräägt vu politesche Spléckungen, dem Weltkrich an den Dilemmae vun enger jonker, déif gleeweger Herrscherin, ass si d’Spigelbild vun enger Zäit voller gesellschaftlecher a politescher Ëmwälzungen.

D’Marie-Adélaïde ass déi eelst vun de sechs Duechtere vum Ierfgroussherzog Guillaume an der Prinzessin Marie Anne vu Bragança, déi aus der Verbindung vum Haus Nassau-Weilburg mat der fréierer portugisescher Kinneksdynastie ervirgaangen ass. Hir Gebuert op Schlass Bierg, de 14. Juni 1894, gëtt mat grousser Freed opgeholl an am ganze Land gefeiert. De Grand-Duché freet sech iwwer déi éischt Prinzessin, déi zanter Joerhonnerten op nationalem Buedem gebuer gouf, e markant Evenement, dat d’Hoffnung op eng glänzend Zukunft fir d’Natioun opbléie léisst.

Jong / Duechter vun

Frères/Sœurs

Portrait de la Grande-Duchesse Charlotte

D’Grande-Duchesse Charlotte

D’Prinzessin Hilda vu Lëtzebuerg

D’Prinzessin Antonia vu Lëtzebuerg

D’Prinzessin Élisabeth vu Lëtzebuerg

D’Prinzessin Sophie vu Lëtzebuerg

D'Prinzessin Marie-Adélaïde mat hire Schwësteren

D'Prinzessin Marie-Adélaïde mat hire Schwësteren

© Kollektioun Cour grand-ducale

Bildungsjoren: Glawen a Famill

Source : Collection photographique de la Maison grand-ducale

D’Prinzessin Marie-Adélaïde gëtt de 16. Juni 1894 op Schlass Bierg gedeeft. Erzunn am streng kathoulesche Glawe vun hirer Mamm, entwéckelt si eng déif perséinlech Spiritualitéit. Dës intensiv an éierlech reliéis Iwwerzeegung gëtt zu engem wichtege Bestanddeel vun hirer Perséinlechkeet, deen hir Decisiounen als Herrscherin dauerhaft beaflosse sollt. Si entwéckelt awer och eng Leidenschaft fir d’Naturwëssenschaften an zitt – wat bemierkenswäert ass – dräi jonk Bieren op, bis déi ze grouss ginn an an den Zoo op München iwwerfouert ginn.

Source : Collection photographique de la Maison grand-ducale

Am Alter vu 17 Joer vertraut si hirer Mamm hire Wonsch un, an e Klouschter anzetrieden, a geet esouguer esou wäit, hir jonk Schwëster Charlotte als Nofollgerin virzeschloen. Dës spirituell Neigung gëtt sonner Zweifel verstäerkt duerch d’Ongléck, dat hire Papp, de Grand-Duc Guillaume IV. getraff huet. No direkt e puer Hiereschléi leit dësen nämlech ënnert enger schwéierer Krankheet, déi hien drun hënnert, seng Aufgaben ze erfëllen, an dofir fält et der groussherzoglecher Famill schwéier, eng konstant Presenz zu Lëtzebuerg oprecht ze erhalen.

Vun 1906 u verbréngen d’Marie-Adélaïde an hir Schwësteren hir Zäit ofwiesselnd op Schlass Hohenburg a Bayern, wou hire Papp medezinesch behandelt gëtt, Schlass Königstein, wou hir Groussmamm vun hirem Papp senger Säit, d’Grande-Duchesse Adelheid Marie, lieft, a Lëtzebuerg, wou d’Prinzessinnen ufänken, Representatiounsaufgaben ze iwwerhuelen. Am Summer 1906 huelen d’Marie-Adélaïde an d’Charlotte um “Blummefest” deel, dat vum Comité Luxembourg-Attractions, dem Virleefer vum Office de Tourisme vun der Stad Lëtzebuerg, organiséiert gëtt. Dës éischt Erfarungen droen dozou bäi, déi zukünfteg Grande-Duchesse mam ëffentleche Liewe vertraut ze maachen.

Successiounskris an Iwwerhuele vum Troun

1907 ass de Grand-Duché mat enger Kris an der Trounfolleg konfrontéiert. D’Aphasie an de schlechte Gesondheetszoustand vum Grand-Duc Guillaume IV. maachen d’Gebuert vun engem männlechen Nofollger onwarscheinlech.

© Collections de la Cour grand-ducale

E Cousin, deen aus dem morganatesche Bestietnes vum Adolph sengem Brudder, dem Nikolaus vun Nassau, mat der Duechter vum russeschen Dichter Puschkin ervirgoung, erhieft Usproch op den Troun an op d’Familljeverméigen. Dësen Usproch fënnt bei verschiddene liberal-sozialisteschen Deputéierten, dorënner de Michel Welter, e gewëssen Uklang, wat d’politesch Komplexitéit vun der Situatioun verstäerkt.

De Grand-Duc Guillaume IV. setzt der Ongewëssheet en Enn, andeem hie formell d’Recht vun der Prinzessin Marie-Adélaïde, seng Nofollgerin ze ginn, duerch eng Ännerung vum Familljepakt vu 1783 bestätegt: Domat gëtt si Ierfgroussherzogin. Dës Entscheedung kläert zwar d’Trounfolleg, léist awer net direkt d’Spannungen. Mee beim Doud vum Herrscher am Joer 1912, an no sechs Joer Regence vun hirer Mamm, der Grande-Duchesse Marie Anne, kënnt d’Marie-Adélaïde am deemolegen Alter vun 18 Joer op den Troun. Den 18. Juni 1912 gëtt si feierlech virun der Regierung a virun der Chamber vereedegt, wat den Ufank vun enger grad esou kuerzer ewéi beweegter Herrschaft markéiert.

Source : Collection photographique de la Maison grand-ducale

Source : Collection photographique de la Maison grand-ducale

Source : Collection photographique de la Maison grand-ducale

Ufank vun der Herrschaft: politesch Spannungen a reliéisen Afloss

Portrait vun der Grande-Duchesse Marie-Adélaïde

Portrait vun der Grande-Duchesse Marie-Adélaïde

© Kollektioun Cour grand-ducale

Och wann den Ufank vun hirer Herrschaft besonnesch vun deem erfuerene Premierminister Paul Eyschen mat Bienveillance opgeholl gëtt, kënnt et an der Chamber séier zu Konflikter. De Lénksblock kritiséiert déi spierbar Retizenz vun der Grande-Duchesse, dat neit Schoulgesetz, dat den Afloss vum Klerus bei der Ausbildung vun de Schoulmeeschtere reduzéiere sollt, ze ënnerschreiwen, schaarf. D’kathoulesch Kierch widdersetzt sech dësem Gesetz vehement.

De Bëschof Jean Joseph Koppes féiert eng virulent Campagne géint d’Gesetz a probéiert mat Hiertebréiwer a Priedegten, d’Ëffentlechkeet op seng Säit ze kréien. Ënner dësem Drock zéckt d’Marie-Adélaïde fir d’éischt, dem Gesetz zouzestëmmen, a berifft sech op Artikel 34 vun der Verfassung. Nodeem de Premierminister Eyschen awer insistéiert, ënnerschreift si et schliisslech den 10. August 1912. Dës Episod verdäitlecht d’Spannungen tëschent hire perséinlechen Iwwerzeegungen, den Ufuerderunge vun enger konstitutioneller Monarchie an de politeschen a reliéise Kräfteverhältnisser vun där Zäit.

1915 kënnt et zu enger neier Kris, wou d’Grande-Duchesse Marie-Adélaïde refuséiert, d’Ernennung vu Buergermeeschteren, déi als antiklerikal gëllen, zu Déifferdeng an zu Hollerech ofzeseenen. Si ass och géint d’Ernennung vun hirem fréiere Privatenseignant, dem Edouard Oster, un d’Spëtzt vum deemolegen Ausbildungsinstitut fir Schoulmeeschteren. Dës Entscheedunge léisen eng ministeriell Kris aus, déi sech mam Doud vum Paul Eyschen an eng Regierungskris verwandelt. Ënnert der Leedung vum Affekot Hubert Loutsch gëtt eng nei Regierung gebilt, déi awer ausschliisslech aus Ministere vun der Rietspartei besteet, enger Partei, déi an der Chamber keng Majoritéit huet.

D’Marie-Adélaïde probéiert aus dëser Sakgaass erauszekommen, andeem si hiert verfassungsméissegt Recht, d’Chamber opzeléisen, ausüübt an Neiwalen aberifft. Dës Wale stäerken d’Rietspartei, deenen hir klerikal Sympathië mat hiren eegenen iwwerteneestëmmen, däitlech. Dës Initiativ gëtt awer vun deene Lénken als Versuch ugesinn, d’parlamentaresch Demokratie ze ënnergruewen. Besonnesch déi Liberal äussere sech an hirer Kritik ëmmer méi schaarf géint d’Monarchie. Obwuel d’Regierung Loutsch mat hire Supporteren aus der konservativer Partei no un déi fir d’Regéieren néideg parlamentaresch Majoritéit erukënnt, bleiwe si an der Chamber an der Minoritéit a gi prompt no der Reprise vun der parlamentarescher Aktivitéit gestierzt.

Krich a Verloscht vun der Ënnerstëtzung

Dës intern Kämpf ginn duerch den Ausbroch vum Éischte Weltkrich an d’Besatzung vu Lëtzebuerg duerch déi däitsch Truppe vum August 1914 un däitlech verschäerft. D’Neutralitéit vum Land gëtt violéiert, an d’Entscheedung vum Marie-Adélaïde, de Keeser Wilhelm II. ze empfänken, well den däitsche Quartier général zu Lëtzebuerg ass, stéisst op hefteg Kriticken.

Och wann dës Initiativ haaptsächlech op de Paul Eyschen zeréckgeet, dréit se zum Gefill bäi, den Haff géif eng pro-däitsch Haltung anhuelen. Dëst Bild, ob begrënnt oder onbegrënnt, schuet der Popularitéit vun der Herrscherin zudéifst. Et muss awer drop higewise ginn, datt de Paul Eyschen an d’Grande-Duchesse Protesttelegrammer op Berlin geschéckt hunn, fir d’Violatioun vun der Lëtzebuerger Neutralitéit unzeprangeren.

Vun 1916 un ass d’politesch Positioun vun der Grande-Duchesse Marie-Adélaïde net méi haltbar. Eng Rei vu kuerzliewege Regierunge kuerz noenee scheitere mam Versuch, d’Vertraue vun der Ëffentlechkeet nees hierzestellen an d’Liewensmëttelknappheet an de Grëff ze kréien. D’Herrscherin, déi sech nëmmen ongär ëffentlech äussert, gëtt vu munch engem als onentschloss oder net present wouergeholl.

Doriwwer eraus ënnerstëtzt d’Verlobung vun hirer Schwëster, der Prinzessin Antonia, mam Rupprecht, Krounprënz vu Bayern a féierend Perséinlechkeet aus der däitscher Arméi, de Verdacht an d’Kritik a Bezuch op d’Däitschfrëndlechkeet vun der groussherzoglecher Famill.

Ofdankung an Exil: eng Natioun a Gefor

21 novembre 1918 - Les troupes américaines entrent à Luxembourg-ville.

Source : Collection photographique de la Maison grand-ducale

Am September 1918 gëtt ënnert der Leedung vum Émile Reuter an der Urgence eng Regierung vun der nationaler Eenheet gebilt. Nodeem de Waffestëllstand ënnerschriwwen ass, mécht dës Regierung d’Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg, déi duerch eng méiglech Annexioun duerch d’Belsch bedrot ass, zu hirer Prioritéit.

Bei enger decisiver Renconter mam franséischen Ausseminister, dem Stephen Pichon, stellt sech awer eraus, datt déi Alliéiert kee Vertraue méi an d’Grande-Duchesse Marie-Adélaïde hunn, fir dës Onofhängegkeet ze garantéieren. De Verloscht vun der Ënnerstëtzung um internationale Plang, zesumme mat der interner Kris, bréngt d’Land an eng kritesch Situatioun.

Fir d’Ausruffe vun enger Republik oder esouguer eng Annexioun ze verhënneren, schléit d’Regierung eng ongewéinlech, awer pragmatesch Léisung vir: d’Ofdankung vun der Grande-Duchesse Marie-Adélaïde zu Gonschte vun hirer Schwëster, der Prinzessin Charlotte, wat uschléissend mat engem Referendum bestätegt gëtt.

D’Grande-Duchesse ass sech der Konsequenze fir hiert Land bewosst an akzeptéiert, ofzedanken. Den 13. Januar 1919 ënnerschreift si den Ofdankungsakt, an den 28. Januar verléisst si Lëtzebuerg a geet an d’Schwäiz. Dat ass den Ufank vun engem Exil, deen eréischt mat hirem Doud zu Enn geet.

Lescht Joren: Glawen, Krankheet a Vermiechtnes

Am September 1920 trëtt d’Marie-Adélaïde an de Karmeliteruerde vu Modena an, wou si hofft, hiert Gelübde ofleeën ze kënnen. Mee hir deemools schonn ufälleg Gesondheet hënnert si dorun. Hir reliéis Vocatioun setzt si trotzdeem bei de “Klenge Schwëstere vun den Aarmen“ zu Roum fort. Do erkrankt si u Paratyphus a muss hir Pläng opginn.

S.A.R. la Grande-Duchesse Marie-Anne entourée de ses six filles adultes

Source : Collection photographique de la Maison grand-ducale

Nach an der Geneesungsphas reest si op Hohenburg, déi bayresch Residenz vun der groussherzoglecher Famill, fir sech behandelen ze loossen. Nodeem si sech – wéi et schéngt – erholl huet, schreift si sech op der Universitéit vu München an, fir Medezin ze studéieren. Am November 1923 erleit si awer e Réckfall an hire gesondheetlechen Zoustand verschlechtert sech rapid. Si stierft de 24. Januar 1924 am Alter vun 29 Joer, a Presenz vun hirer Mamm. Si gëtt an der Schlasskapell vun Hohenburg bäigesat; eréischt 1947, wou hir stierflech Iwwerreschter an d’groussherzoglech Krypta vun der Kathedral Notre-Dame vu Lëtzebuerg iwwerfouert ginn, kënnt si zeréck op Lëtzebuerg.

Och méi ewéi ee Joerhonnert nom Doud vun der Grande-Duchesse Marie-Adélaïde ass a bleift hir Herrschaft ëmstridden. Kuerz awer intensiv markéiert si e Wendepunkt an der Entwécklung vun der lëtzebuergescher konstitutioneller Monarchie hin zu méi Modernitéit. Gepräägt vu politesche Spléckungen, dem Weltkrich an den Dilemmae vun enger jonker, déif gleeweger Herrscherin, ass si d’Spigelbild vun enger Zäit voller gesellschaftlecher a politescher Ëmwälzungen.

Fotoe vun der Grande-Duchesse Marie-Adélaïde

Portrait vun der Prinzessin Marie-Adélaïde

© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

D'Prinzessin Marie-Adélaïde mat hire Schwësteren

© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

Portrait vun der Grande-Duchesse Marie-Adélaïde

© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

D'Grande-Duchesse Marie-Adélaïde mat hire Schwësteren, de Prinzessinnen Charlotte, Hilda an Antonia am Parc vum Schlass vu Bierg

© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

Portrait vun der Grande-Duchesse Marie-Adélaïde

© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

Portrait vun der Grande-Duchesse Marie-Adélaïde

© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

Portrait vun der Grande-Duchesse Marie-Adélaïde

© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

D'Grande-Duchesse Marie-Adélaïde

© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

D'Grande-Duchesse Adelaïde-Marie an d'Grande-Duchesse Marie-Anne mat hire sechs Duechteren

© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg