D'groussherzoglech Famill

De Grand-Duc Guillaume IV.

Gebuer

22. Abrëll 1852

zu Biebrich um Rhäin, Däitschland

Portrait de S.A.R. le Grand-Duc Guillaume IV
© Kollektioun Cour grand-ducale

Biografie

De Guillaume IV., Grand-Duc vu Lëtzebuerg, Herzog vun Nassau, koum nom Doud vu sengem Papp, dem Grand-Duc Adolphe, de 17. November 1905 op den Troun vum Grand-Duché. Seng Herrschaft huet knapp siwe Joer gedauert, well hien de 25. Februar 1912 gestuerwen ass.

Hie war mat der Prinzessin Marie Anne vu Bragança bestuet. D'Koppel hat sechs Meedercher:

Portrait du jeune Prince héritier Guillaume IV de Nassau
© Kollektioun Cour grand-ducale

Portrait vum jonken Ierfprënz Guillaume IV de Nassau

Fir méi iwwer d'Grande-Duchesse Marie Anne gewuer ze ginn

Jugend a Virbereedung op déi zukünfteg Roll als Trounfollger

Als eelste Jong vum Herzog Adolphe an der Herzogin Adelheid Marie huet hie vu sengem 15. Liewensjoer un d'Schicksal vun der Entwuerzelung vu sengen Elteren erlieft a gedeelt. De Verloscht vum Herzogtum Nassau u Preussen huet bei him en déiwen Androck hannerlooss. Séier huet hie sech fir eng militäresch Karriär entscheet a krut seng Offizéiersausbildung zu Dresden. Vun 1871 bis 1888 war hien an der éisträichescher Arméi Leutnant a gouf dono op de Rang vum Generol erhuewen. Méi spéit huet hien decidéiert, aus dem aktiven Déngscht auszetrieden, fir fräi iwwer seng Zukunft kënnen ze entscheeden.

Portrait du Prince Guillaume IV de Nassau en uniforme militaire
© Kollektioun Cour grand-ducale

Portrait vum Ierfprënz Guillaume IV. vun Nassau an der éisträichescher Militäruniform

Wéi säi Papp 1884 de rechtméissegen Trounfollger vu Lëtzebuerg gouf, huet hie sech op seng zukünfteg Roll virbereet. Am Fréijoer 1889, wéi den Herzog Adolphe d'Regence iwwerholl huet, ass hien als zukünftegen Trounfollger mat op Lëtzebuerg gaangen.

Wéi säi Papp 1890 op den Troun koum, gouf hien zum Ierfgroussherzog vu Lëtzebuerg. Mat senger Natierlechkeet, Einfachheet a Frëndlechkeet hat hie séier d'Sympathie vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung kritt.

Carte postale de S.A.R. le Grand-Duc héritier Guillaume IV de Luxembourg
© Kollektioun Cour grand-ducale

Postkaart vum Ierfgroussherzog Guillaume IV. vu Lëtzebuerg

Hochzäit mat der Prinzessin Marie Anne vu Bragança

1893 huet hie sech, géint de Wëlle vu sengem protestantesche Papp, mat der kathoulescher Prinzessin Marie Anne vu Bragança, Infantin vu Portugal, bestuet, déi hie schonn 1884 kenne geléiert hat. Déi sechs Prinzessinnen, déi aus dësem Bestietnes ervirgoungen, goufen all kathoulesch gedeeft. Hie war ganz staark ëm d'Ausbildung vu sengen Duechtere beméit an huet 1904 eng lëtzebuergesch Léierin, d' Marie Knaff, agestallt, déi dräi Generatioune vun der groussherzoglecher Famill an der Lëtzebuerger Sprooch a Kultur ënnerriicht huet.

Mariage du Grand-Duc héritier Guillaume IV
© Kollektioun Cour grand-ducale

Den Ierfgroussherzog Guillaume IV. a seng Fra, d'Ierfgroussherzogin Marie Anne bei hirer "Joyeuse Entrée" an d'Stad Lëtzebuerg

Um Troun vum Grand-Duché

No dräi Joer als Lieutenant-Représentant ass de Guillaume IV. 1905, nom Doud vu sengem Papp, Grand-Duc vu Lëtzebuerg ginn. Den 22. November 1905 huet hie virun enger Delegatioun aus der Chamber op Schlass Hohenburg den Eed ofgeluecht. A senger Ried sot de Guillaume: "Als konstitutionelle Souverain wäert ech baussent an iwwer alle politesche Parteie stoen. D'Lëtzebuerger si frou mat hirer Heemecht an hire fräien an traditionellen Institutiounen. Dofir si se mir all gläich léif, an ech muss fir si all do sinn… sot jidderengem, dass mäi ganzt Liewen am Déngscht vun eiser léiwer Heemecht steet. An deem Sënn gräifen ech den houfrege Motto vun eisem ale Grof Jang de Blannen op: "Ich dien!"

Dem Guillaume seng Gesondheet huet him et awer kaum erlaabt, dee Programm ëmzesetzen.

Le Couple héritier
© Privatkollektioun Cour grand-ducale

Déi ierfgroussherzoglech Koppel

Eng perturbéiert Herrschaft wéinst enger schwaacher Gesondheet

Nodeems de Guillaume IV. Ufank 1906 en zweete schwéiere Schlag kritt hat, konnt hien de Grand-Duché nach just fir e puer Méint besichen, wat hien am Oktober vum selwechte Joer gemaach huet. Zwee méi kuerz Openthalter koumen am Joer 1907 nach dobäi, éier et zu weidere méi laange krankheetsbedéngten Openthalter am Ausland koum.

Le Couple héritier
© Kollektioun Cour grand-ducale

Déi ierfgroussherzoglech Koppel

Well d'Hoffnung op e männlechen Trounfollger net erfëllt gouf, war déi männlech Linn vum Haus Nassau vum Ausstierwe bedrot. Dofir huet hien 1907 en internt Gesetz fir d'Herrscherhaus promulgéiert, fir seng eelsten Duechter Marie-Adélaïde als Trounfollgerin ze bestätegen, gradewéi och e wäitsiichtege Familljestatut fir déi intern Verfassung vum Herrscherhaus. No enger ugespaanter Debatt gouf dat internt Gesetz vun der Lëtzebuerger Chamber mat 41 zu 7 Stëmmen ugeholl. Domat war d'Nofolleg och géint de Grof Georg von Merenberg, deen zu Wiesbaden gelieft huet, geséchert, deen de Fils aus dem morganatesche Bestietnes vum Prënz Nikolaus vun Nassau, Stéifbrudder vum Grand-Duc Adolphe, mat der Natalja Puchkina war.

D'Grande-Duchesse Marie Anne iwwerhëlt d'Regence

Duerch déi schwéier Krankheet vum Guillaume IV. muss d'Grande-Duchesse Marie Anne vu Mäerz 1908 un d'Lieutenance iwwerhuelen a vun November 1908 un d'Regence. Duerno war d'Liewe vum Guillaume IV. nach just ee Martyrium. Schlass Bierg, dat zanter 1893 d'Residenz vun der Koppel war, an 23 Kilometer nërdlech vun der Stad Lëtzebuerg louch, gouf tëschent 1907 an 1911 ëmgebaut. Am September 1911 ass de Guillaume IV. schwéier krank an d'Schlass zeréckkomm, an do 1912 gestuerwen.

Den Doud vum Guillaume IV. gëllt als dat endgültegt Enn vun der 800-järeger Herrschaft vun der männlecher Linn vum ganzen Haus Nassau. Seng lescht Rou huet hien an der Fürstengruft zu Weilburg fonnt.

Well d'Grande-Duchesse Marie-Adélaïde zum Zäitpunkt vum Doud vun hirem Papp Guillaume IV. nach mannerjäreg war, ass hir Mamm, d'Grande-Duchesse Marie Anne, bis zur Volljäregkeet vun hirer Duechter de 14. Juni 1912 Regentin bliwwen.

Funérailles de Guillaume IV - Gare centrale de Luxembourg
© Kollektioun Cour grand-ducale

Begriefnis vum Grand-Duc Guillaume IV. op der Stater Gare

Fotoe vum Grand-Duc Guillaume IV.

De Grand-Duc Guillaume IV. © Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

De Grand-Duc Guillaume IV.

De Grand-Duc Guillaume IV. an d'Grande-Duchesse Marie Anne © Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

De Grand-Duc Guillaume IV. an d'Grande-Duchesse Marie Anne

De Grand-Duc Guillaume IV. an de Grand-Duc Adolphe © Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

1902: De Grand-Duc Guillaume IV. an de Grand-Duc Adolphe

Portrait vum Grand-Duc Guillaume IV. © Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

Portrait vum Grand-Duc Guillaume IV.

De Grand-Duc Guillaume IV. © Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

De Grand-Duc Guillaume IV.

De Grand-Duc Guillaume IV. an d'Grande-Duchesse Marie Anne © Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

De Grand-Duc Guillaume IV. an d'Grande-Duchesse Marie Anne

De Grand-Duc Guillaume IV. © Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

De Grand-Duc Guillaume IV.

Déi groussherzoglech Famill © Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

Déi groussherzoglech Famill

 

Fir méi gewuer ze ginn:

Fir méi iwwer d'Grande-Duchesse Marie Anne gewuer ze ginn: