De Grand-Duc Adolphe
24. Juli 1817
zu Biebrich um Rhäin, Däitschland
Biografie
Den Adolphe, Grand-Duc vu Lëtzebuerg an Herzog vun Nassau, gouf den 23. November 1890 den éischte Grand-Duc vu Lëtzebuerg aus der Dynastie Lëtzebuerg-Nassau. Hier war den eelste Jong vum Herzog Wilhelm vun Nassau an der Herzogin Louise, gebuere Prinzessin vu Sachsen-Hildburghausen.
Hie war mat der Prinzessin Adelheid Marie vun Anhalt-Dessau bestuet. D'Koppel hat fënnef Kanner, vun deenen der just zwee bis an den Erwuessenenalter iwwerlieft hunn:
- den Ierfprënz Guillaume (1852-1912);
- de Prënz Frédéric (1854-1855);
- d'Prinzessin Marie Bathildis (1857-1857);
- de Prënz François Joseph (1859-1875);
- d'Prinzessin Hilda (1864-1952).
De Grand-Duc Adolphe ass de 17. November 1905 zu Hohenburg a Bayern gestuerwen.
Fotogravur vum Herzog Adolphe vun Nassau an der Militäruniform
Fir méi iwwer d'Grande-Duchesse Adelheid Marie gewuer ze ginn
Um Troun vum Herzogtum Nassau
Den Adolphe hat sech gutt op seng Zäit um Troun duerch Ausbildung, Privatunterrecht an e Studium iwwer zwee Joer zu Wien virbereet. Wéi säi Papp 1839 stënterlech gestuerwen ass, huet hien am Alter vun 22 Joer mussen den Troun vum Herzogtum Nassau iwwerhuelen.
Ënner senger Herrschaft huet d'Herzogtum Nassau sech zu engem virbildlechen a moderne Staat entwéckelt. Den Herzog Adolphe war den éischten däitsche Fürst, dee sengem Vollek um Ufank vun der Mäerzrevolutioun 1848 Pressefräiheet, eng Volleksarméi, eng liberal Bürokratie an eng Verfassung zougestanen huet. Am Joer 1851 goufen dës Konzessiounen am Herzogtum Nassau, wéi och an de meeschten anere Memberstaate vum Däitsche Bond, nees opgehuewen.
Portrait vum Herzog Adolphe vun Nassau
Hochzäit mat der Prinzessin Adelheid Marie vun Anhalt-Dessau
Hie war zweemol bestuet. D'Bestietnes mat der Groussfürstin Elisabeth Mikhaïlovna, Niess vum Zar Nicolas I., am Joer 1844 zu St. Petersburg war nëmme vu kuerzer Dauer, well si schonn e Joer drop gestuerwen ass. 1851 bestuet den Herzog Adolphe d'Prinzessin Adelheid Marie vun Anhalt-Dessau.
Postkaart vun 1901 fir d'gëllen Hochzäit vum Grand-Duc Adolphe an der Grande-Duchesse Adelheid Marie. Op de véier Medailen si gemoolten a fotografesch Portraite vum Grand-Duc Adolphe a senger Fra.
Aféierung vun Uerden
Den Ordre du Lion d'Or de la Maison de Nassau gouf 1855 zesumme vum Guillaume III., Kinnek vun den Nidderlanden a Grand-Duc vu Lëtzebuerg, a vum Adolphe, Herzog vun Nassau, agefouert, fir un d'Opdeelung vum Haus Nassau am Joer 1255 an zwou Branchen (Walramianer an Ottonen) ze erënneren. Dësen Uerde sollt 600 Joer méi spéit déi gutt Verstännegung tëscht deenen zwee bezeien. Den Uerden ass fir déi zwou Branchë vum Haus Nassau d'selwecht.
Am Joer 1858 huet den Herzog Adolphe den Ordre civil et militaire d’Adolphe de Nassau gegrënnt. Béid Uerden, Symboler vun eiser Monarchie, ginn haut nach zu Lëtzebuerg verginn, wann och an ofgeännerter Form.
Uerde vum gëllene Léiw vum Haus Nassau
Verloscht vum Herzogtum Nassau
No 25 Joer un der Spëtzt vum Herzogtum Nassau huet den Herzog Adolphe sech grousser Beléiftheet erfreet. Hien huet dëst Jubiläum mat dem ganze Land gefeiert.
Am éisträichesch-preussesche Krich vun 1866 huet hie seng Truppen ugefouert an un der Säit vun den Éisträicher an de süddäitsche Staate géint d'Preusse gekämpft, déi grad d'Herzogtum Nassau annektéiert haten.
Mam Kontrakt mat Preusse vun 1867 krut den enteegenten Herzog eng héich Entschiedegung a verschidde Schlässer: Königstein, eng Villa zu Frankfurt um Main, d'Schlass Hohenburg bei Lenggries a Bayern an d'Nassauer Schlass zu Wien.
Um Troun vum Grand-Duché
Wéi de Prënz Alexander vun Oranien, nidderlännesch-lëtzebuergeschen Trounierwen, am Joer 1884 gestuerwen ass, huet den Herzog Adolphe seng Chance als Nofollger op den Troun vum Grand-Duché gesinn. Nei Erausfuerderungen hunn op hie gewaart. Den Herzog Adolphe huet verschidden Aktiounen ënnerholl, fir säin Intressi un der Nofolleg ze ënnersträichen. Am Juli 1888 goung hien op Visitt an dat nidderlännescht Kinnekshaus an huet sech do mat der däitscher Regierung iwwer säin Ierfrecht beroden. Am September 1888 huet hie sech nees mat den Hohenzollern verdroen, andeems hien den däitsche Keeser Wilhelm II. op der Insel Mainau besicht huet. De Staatsminister Paul Eyschen huet d'Intressi vum Adolphe zu Lëtzebuerg verdeedegt.
Den Herzog Adolphe vun Nassau gëtt als Herzog-Regent vereedegt
Am Abrëll/Mee 1889 huet hien d'Regence zu Lëtzebuerg fir de schwéier kranke Roi-Grand-Duc Guillaume III. iwwerholl. No deem sengem Doud den 23. November 1890 koum den Herzog Adolphe als männlechen Ierwen a Chef vun der Linn Nassau-Weilburg op den Troun vum Grand-Duché, am Aklang mat den internationale Verträg an der Lëtzebuerger Verfassung.
1896: Foto vum Grand-Duc Adolphe um Balcon vum groussherzogleche Palais am Joer 1896
1891 krut hien de Besëtz vum verstuerwene Kinnek zu Lëtzebuerg, dorënner d'Schlässer Bierg a Fëschbech, d'Buergruin Veianen an de Gréngewald, a léisst de groussherzogleche Palais aus dem 16. Joerhonnert, gréisstendeels op eege Käschten, renovéieren a vergréisseren.
De Grand-Duc Adolphe huet dem erfuerene Staatsminister Paul Eyschen d'Regéieren an déi politesch Verantwortung iwwerlooss. D’Lëtzebuerger Vollek huet am Grand-Duc Adolphe e frëndlechen an ëmgänglechen Gentleman mat staarkem Flichtbewosstsinn entdeckt. Hien huet mat Iwwerzeegung d'Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg verdeedegt an déi international Positioun vum Grand-Duché gefestegt.
1890: Foto vun der groussherzoglecher Famill um Balcon vum Palais
Enn vun der Regence
Am Joer 1902 huet hie säi Jong zu sengem Lieutenant-Représentant gemaach. Hien ass 1905 am Alter vun 88 Joer op Schlass Hohenburg gestuerwen. Scho kuerz no sengem Doud krut hien Denkmaler zu Weilburg, Biebrich a Königstein gesat. 1953 goufe seng stierflech Iwwerreschter vun Hohenburg an d'Fürstengruft op Weilburg iwwerfouert a bäigesat, do wou déi protestantesch Membere vum Haus Lëtzebuerg-Nassau hir lescht Rou fonnt hunn.
1897: Hellegowend mat der Famill