
D’Grande-Duchesse Adelheid Marie
Gebuer
25 Dezember 1833
zu Dessau, Däitschland
Biografie
D’Prinzessin Adelheid Marie, gebuer de 25. Dezember 1833 zu Dessau an Däitschland, ass d’Duechter vum Prënz Friedrich August vun Anhalt-Dessau an der Prinzessin Marie Luise Charlotte vun Hessen-Kassel. Si wiisst an engem kultivéierten, konschtinteresséierte Milieu op a fënnt scho fréi grousse Gefalen un der Landschaftsmolerei. Am Alter vu siechzéng Joer gëtt si bei engem Openthalt an Dänemark vum Moler Heinrich Buntzen, Professer a Member vun der Kopenhagener Akademie, an d’Uelegmolerei agefouert.
Bestuet mat
Kanner

Portrait vun der Herzogin Adelheid Marie vun Nassau
© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg
Bestietnes mam Herzog Adolph vu Nassau
1851 bestit si den Herzog Adolph vun Nassau, dee si um Familljeschlass vu Rumpenheim kennegeléiert hat. D’Koppel kritt fënnef Kanner, vun deenen der nëmmen zwee den Erwuessenenalter erreechen: den Ierfprënz Guillaume (1852-1912) an d’Prinzessin Hilda (1864 1952), déi spéider Groussherzogin vu Baden.

Offizielle Portrait vum Grand-Duc Adolphe vu Lëtzebuerg (1817-1905) a senger Fra, der Grande-Duchesse Adelheid Marie (1833-1916), bei Geleeënheet vun hirem 50. Hochzäitsdag.
© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg
E Liewen, gepräägt vun der Konscht a vun der Molerei
Mat hirem Mann Adolph deelt d’Herzogin Adelheid Marie d’Freed um Reiden, si huelen zesummen dacks u Juegten deel, besonnesch zu Pardubitz. Hir grouss Leidenschaft ass a bleift awer d’Molerei, där si sech scho vu Klengem u mat Ausdauer widmet.

Polychrom Lithografie vun der jonker Prinzessin Adelheid Marie vun Anhalt-Dessau um Päerd
© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg
Als Schülerin vum Carl Irmer a vum Otto Reinhard Jacobi – Vertrieder vun der Düsseldorfer Schule – stellt si am léifsten idyllesch Zeenen duer, bei deenen d’Atmosphär an den Equiliber vun der Kompositioun am Vierdergrond stinn. Nature-Morten an Etüde vu Blumme kommen dacks als Motiver an hire Wierker vir, si moolt awer och gär am Fräien, besonnesch um Ufer vun der Lahn.
Zu hire Léiermeeschteren zielen z. B. de Moler Benjamin-Constant, deem säin Atelier zu Paräis si frequentéiert, oder och nach de Wiener Moler Victor Stauffer, dee si freet, fir e Portrait vun hir ze molen.

© Collections de la Cour grand-ducale
Wärend hire laangen Openthalter an de Schlässer vu Königstein an Hohenburg setzt si hir moleresch Recherchen ënner dem Afloss vun der Münchner Schule fort a beräichert d’Dekoratioun vun hire Residenze mat hiren eegene Kompositiounen; esouguer an der protestantescher Immanuel-Kierch zu Königstein fënnt ee Wierker, déi aus hirer Hand stamen.
An hirem Bestriewen, d’Kënschtler ze ënnerstëtzen, léisst si an der Géigend vun Hohenburg d’“Malerhaus” bauen, e Chalet, dee si Münchener Kënschtler iwwer de Summer zur Verfügung stellt an hinnen do am Sënn vun engem generéise Mäzenat en Ënnerdaach a Molzechten ubitt.
D’kulturell Entwécklung am Mëttelpunkt vun hirem Wierken
D’Grande-Duchesse Adelheid Marie spillt och eng féierend Roll bei der Renovatioun an der Vergréisserung vum groussherzogleche Palais zu Lëtzebuerg.

Façade du Palais grand-ducal pendant les travaux d’extension et de rénovation des années 1890
Photothèque de la Maison grand-ducale, droit commun / Charles Bernhoeft
Nodeem de Grand-Duc Adolph am Joer 1890 den Troun iwwerholl huet, trëtt si un de belschen Architekt Gédéon Bordiau erun, dee schonn d’Summerresidenz zu Königstein am Neo-Renaissance-Stil ëmgebaut hat. An den Erweiderungen, déi zu Lëtzebuerg realiséiert ginn, fënnt ee verschidden historiséierend Charakteristiken, déi d’Bestännegkeet vun hiren architektonesche Virléiften erëmspigelen.

Projet de restauration de l’ancien Hôtel de Gouvernement à Luxembourg par l’architecte d’État Charles Arendt, 1891
Archives de la Maison grand-ducale, © Maison du Grand-Duc
Zu Lëtzebuerg stellt d’Adelheid Marie hiren Titel als Grande-Duchesse an den Déngscht vun den nationale Kënschtler.
Als Éierepresidentin vum “Nassauischer Kunstverein” setzt si sech fir d’Fërderung vum “Cercle artistique de Luxembourg” an: Bei senger Grënnung am Joer 1894 iwwerhëlt si de Patronage vum Cercle an encouragéiert aner Perséinlechkeeten aus dem ëffentleche Liewen, sech dem Veräin unzeschléissen; si selwer stellt reegelméisseg bis an d’Joer 1911 Wierker aus. 1902 leet si d’Kreatioun vum “Prix Grand-Duc Adolphe” an d’Weeër, e Präis, deen all Joer dat bescht Ausstellungswierk vum Salon vum “Cercle artistique de Luxembourg” auszeechent.
E zréckgezunn Liewen, der Konscht an der Famill gewidmet

© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg
Nom Doud vum Grand-Duc Adolph am Joer 1905 zitt d’Grande-Duchesse Adelheid Marie sech op Königstein zeréck, fir sech der Molerei an der Fotografie, genee ewéi der Erzéiung vun hiren Enkelinnen, déi si reegelméisseg besiche kommen, ze widmen. Si stierft hei de 24. November 1916, matzen am Éischte Weltkrich.

D'Grande-Duchesse Adelheid Marie bei engem offizielle Besuch
© Privatkollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg
Am Oktober 1953 gëtt hire Sarg vum Schlass Hohenburg, wou si un der Säit vun hirem Mann Adolph gerout huet, an d’Fürstengruft op Weilburg iwwerfouert. D’Ëmbettungszeremonie fënnt den 20. Oktober a Presenz vun hiren Urenkelen, dem Ierfgroussherzog Jean a senge Geschwëster, statt. Mat hirer Presenz sti si fir d’Kontinuitéit vun der Dynastie an d’Verbonnenheet mat hire Virfaren, zu Nassau genee ewéi zu Lëtzebuerg.