De Staatschef

D'Roll vum Grand-Duc

De Grand-Duc ass de Staatschef, sou wéi et am Artikel 33 vun der Verfassung festgeluecht ass. De Grand-Duc steet, zu Lëtzebuerg an iwwer d'Grenzen eraus, fir d'Identitéit vum Land. Hie symboliséiert d'Onofhängegkeet, d'Eenheet an d'Kontinuitéit vum Staat.

Portrait du Grand-Duc
© Cour grand-ducale / Emanuele Scorcelletti

Am Artikel 51 vun der Verfassung steet, datt de Grand-Duché enger parlamentarescher Demokratie ënnersteet. D'Natioun ass d'Quell vun der souveräner Muecht, an de Grand-Duc leet den Eed virun hire gewielte Vertrieder of, wann hien op den Troun kënnt (" Je jure d'observer la Constitution et les lois du Grand-Duché de Luxembourg, de maintenir l'indépendance nationale et l'intégrité du territoire ainsi que les libertés publiques et individuelles ", Art. 5 vun der Verfassung).

D'Ausübe vun der Staatsgewalt ass dem Grand-Duc uvertraut.

De Grand-Duc huet deemno eng zentral a weesentlech Funktioun: Hie gëtt als Pilier vum institutionelle System betruecht, respektéiert awer de Grondprinzip, dass "de Monarch herrscht, mee net regéiert".

Avènement au trône du Grand-Duc Henri
© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

De representativen Deel vun der Roll vum Grand-Duc baséiert um Prinzip, dass d'Kroun an der Famill Nassau verierft gëtt. Dëse Prinzip gëtt an der Verfassung festgehalen a garantéiert, dass de Staatschef onofhängeg ass, well hien iwwer an ausserhalb vun de Parteie steet.

Hien huet just déi Pouvoiren, déi d'Verfassung an d'Gesetzer him formell zougestinn.

D'Verfassung gesteet effektiv der Persoun vum Grand-Duc Immunitéit zou, d. h. hien ënnerläit kenger Rechtsspriechung a kann net fir seng Handlungen zur Rechenschaft gezu ginn.

D'Immunitéit implizéiert déi komplett Onverantwortlechkeet vum Grand-Duc. Dës Irresponsabiliéit ass souwuel vum strofrechtleche wéi och vum politesche Standpunkt aus allgemeng an absolut. Der politescher Onverantwortlechkeet vum Grand-Duc steet déi ministeriell Verantwortlechkeet géigeniwwer. All d'Moossnamen, déi de Grand-Duc an der Ausübung vu sengem Pouvoir trëfft, musse vun engem Member vun der Regierung géigegezeechent ginn, deen heifir déi ganz Verantwortung iwwerhëlt.

D'Verfassung gesäit am Artikel 43 vir, dass dem Grand-Duc eng Dotatioun, och Liste Civile genannt, zousteet. Dës finanziell Moyene sollen et him erlaben, seng Funktioun als Staatschef an aller Onofhängegkeet auszeüben.

Aufgaben an Zoustännegkeete vum Grand-Duc

D'Pouvoire vum Grand-Duc sinn zum gréissten Deel an den Artikelen 33 bis 48 vun der Verfassung opgelëscht a si relativ breet gefächert. An der Praxis ass d'Ausübung vum Grand-Duc senge Funktiounen awer méi pragmatesch, wéi et laut Verfassung schéngt.

Laut Artikel 34 vun der Verfassung verkënnegt de Grand-Duc d'Gesetzer an den dräi Méint nom Vott an der Chamber. D'Verkënnegung ass e Rechtsakt, duerch deen de Grand-Duc den Inhalt vum Gesetz bezeit an déi uerdentlech Verëffentlechung an Exekutioun vum Gesetz ordonéiert.

De reglementairë Pouvoir vum Grand-Duc besteet doran, déi fir d'Duerchféierung vun de Gesetzer an Traitéen noutwenneg Reglementer an Arrêtéen ze huelen.

Laut Artikel 74 vun der Verfassung kann de Grand-Duc d'Chamber opléisen. An deem Fall musse bannent dräi Méint nei Chamberwale stattfannen. An der Praxis gëtt d'Opléisung nëmmen op Virschlag vun der Regierung gemaach. De Grand-Duc mécht d'Parlamentssëtzungen op an zou, entweeder perséinlech oder iwwer säi Vertrieder. Hie convoquéiert och ausseruerdentlech Sëtzungen.

Administrativ Zoustännegkeeten

De Grand-Duc reegelt d'Organisatioun vun der Regierung a vun den Administratiounen. Ausserdeem ass hie fir d'Ernennungen op Zivil- a Militärämter zoustänneg.

De Grand-Duc steet un der Spëtzt vun der Arméi, déi fir d’Uerdnung an d’Sécherheet vum Land zoustänneg ass. Hie kann den Ufank an d'Enn vun engem Krich ausruffen, nodeems dëst duerch e Vott an der Chamber guttgeheescht ginn ass (Artikel 37).

Aufgaben am Kader vun der Justiz

D'Rechtsspriechung gëtt am Numm vum Grand-Duc geholl (Artikel 49), allerdéngs ouni dass hien an d'Geriichtsgewalt agräife kann. D'Verfassung behält dem Grand-Duc d'Begnodegungsrecht vir, d. h. d'Recht op d'Aussetzen oder d'Reduzéierung vun de Strofen, déi d'Riichter ausschwätzen.

Le Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc

De Grand-Duc a seng Regierung

Wat d'Organisatioun vu senger Regierung ugeet, esou designéiert de Grand-Duc opgrond vun de Walresultater en Informateur oder direkt e Regierungsformateur. De Formateur gëtt an der Reegel Premierminister a stellt dem Grand-Duc d'Membere vun der Regierung vir, deen dës dann ernennt a vereedegt. De Grand-Duc huet d'Recht, e Minister ze entloossen; e Recht, vun deem hien awer ni Gebrauch gemaach huet. Traditionell presentéiert déi ganz Regierung dem Grand-Duc hir Demissioun no de Parlamentswalen.

© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc

Am Ausland

De Grand-Duc vertrëtt d'Land am Ausland an intervenéiert op internationalem Plang am Numm vum Staat. Hie kann deemno Traitéë mat frieme Staaten ofschléissen, déi awer vun der Chamber musse confirméiert ginn.

Fir offiziell zu Lëtzebuerg akkreditéiert ze ginn, mussen auslännesch Ambassadeuren dem Grand-Duc hir Lettres de créance presentéieren.

Staatsvisitte gehéieren zu de Privileegie vum Staatschef. Si sinn den Héichpunkt vun der Relatioun tëscht zwee Länner, a sinn ee vun de wichtegsten Elementer fir déi gemeinsam diplomatesch, wirtschaftlech a kulturell Entwécklungen.

Visitte vu Staats- a Regierungscheffen

Alles iwwert de Protokoll gewuer ginn

Aner Verflichtungen am Ausland

Nieft Staatsvisitten an offizielle Visitte representéiert de Grand-Duc d'Land bei Reuniounen a Konferenze vun internationalen Institutiounen, bei historesche Commemoratiounsfeieren oder Sport- a Kulturevenementer.

De Grand-Duc ass ganz staark un der Aarbecht vun de Vereenten Natiounen intresséiert, virun allem un der Aarbecht vun der Conférence des Parties (COP) an der Kaderkonventioun  zum Klimawandel vun de Vereenten Natiounen (UNFCCC - United Nations Framework Convention on Climate Change); Aarbechten, un deenen hie reegelméisseg deelhëlt.

Le Grand-Duc à Madrid pour la COP25
© Cour grand-ducale / Sophie Margue

De Grand-Duc op der offizieller Foto vun der COP25-Konferenz zu Madrid.

De Grand-Duc hëlt och all Joer um informelle Sommet vun den däitschsproochege Länner deel. Am Kader vun deem Treffen ënnerhale sech d'Staatcheffe vun de 6 däitschsproochege Länner (Däitschland, Éisträich, Belsch, Liechtenstein, Lëtzebuerg a Schwäiz) iwwer gesellschaftlech, politesch a wirtschaftlech Erausfuerderungen, mat deene si konfrontéiert sinn.

16. informell Reunioun vun de Staatscheffe vun den däitschsproochege Länner © Cour grand-ducale / Sophie Margue

16. informell Reunioun vun de Staatscheffe vun den däitschsproochege Länner

17. informell Reunioun vun de Staatscheffe vun den däitschsproochege Länner: De Frank-Walter Steinmeier an de Grand-Duc © Bundesregierung / Henning Schacht

17. informell Reunioun vun de Staatscheffe vun den däitschsproochege Länner: De Frank-Walter Steinmeier, President vun der Bundesrepublik Däitschland, ënnerhält sech mam Grand-Duc

 

De Grand-Duc ass zanter 1998 Member vum Internationalen Olympesche Comité (IOC) an hëlt och un de Reuniounen deel. De Grand-Duc setzt sech aktiv fir d'Fërderung vun den olympesche Wäerter an: Frëndschaft, Respekt an Exzellenz. Zanter 1999 ass hien och Member vun der Kommissioun fir d'olympesch Solidaritéit. Fir d'Lëtzebuerger Athleeten ze ënnerstëtzen, war hie bei de meeschten Olympesche Summer- a Wanterspiller present.

De Grand-Duc op den olympesche Spiller zu London am Joer 2012 © Guy Wolff
De Grand-Duc op den olympesche Spiller zu London am Joer 2012
De Grand-Duc bei den Olympesche Spiller zu Tokyo 2020 © Maison du Grand-Duc

De Grand-Duc bei den Olympesche Spiller vun "Tokyo 2020"

 

Fir méi gewuer ze ginn:

Méi iwwer déi Lëtzebuerger Monarchie gewuer ginn

Entdeckt d'Fundamenter vun der konstitutioneller Monarchie, den aktuelle politesche Regime vum Land