Direkt op den Haaptinhalt
Portrait de S.A.R. le Prince Sébastien

Presentatioun

De Prënz Sébastien Henri Marie Guillaume, Prënz vu Lëtzebuerg, Prënz vun Nassau, Prënz vu Bourbon-Parma, ass dat jéngst vun de fënnef Kanner vum Grand-Duc Henri an der Grande-Duchesse Maria Teresa vu Lëtzebuerg.

Am Joer 2010 krut de Prënz Sébastien den “Ordre du Lion d'Or de la Maison de Nassau”.

La Grande-Duchesse et le Prince Sébastien

© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

Ausbildung an Aarbecht

No der Spillschoul zu Angelsbierg ass de Prënz Sébastien fir d'Primärschoul an d'St. George's International School zu Lëtzebuerg gaangen. Duerno goung hien an England op d'Sunningdale School an den Ampleforth College, dee scho säi Grousspapp, de Grand-Duc Jean, besicht huet. Mat engem Baccalauréat international an der International School vu Lëtzebuerg huet hien de Secondaire ofgeschloss. De Prënz schwätzt fléissend Lëtzebuergesch, Franséisch, Englesch an Däitsch, ausserdeem och Spuenesch.

Vu September 2009 bis Mäerz 2010 huet de Prënz Sébastien e Stage bei der Fondatioun Kräizbierg gemaach, déi sech fir Mënsche mat engem Handicap asetzt.

De Prënz Sébastien als Jugendlechen

© Kollektioun vun der Maison grand-ducale de Luxembourg

Fir seng Universitéitsstudien ass de Prënz an Amerika gaangen. Wärend der Vakanz huet hien am Joer 2014 e Stage bei LVMH Watch & Jewellery zu Hongkong gemaach, wou hie bei der Organisatioun vun Evenementer assistéiert huet. Zanter Dezember 2015 huet de Prënz en Diplom am Marketing an an der Kommunikatioun vun der Franciscan University of Steubenville.

2016 mécht hien e Stage als Chargé de marketing am Verkaf bei sengem Brudder a senger Schwéiesch, dem Prënz Félix an der Prinzessin Claire, um Château les Crostes an der Provence.

Sovereign’s Parade op der Académie royale militaire vu Sandhurst

De Prënz Sébastien wärend der Sovereign’s Parade op der Académie royale militaire vu Sandhurst a Groussbritannien

© Cour grand-ducale / Lola Velasco

Nodeems hien Online-Coursen an der Solarenergie besicht huet, schafft hien dann an der Forstwirtschaft an Däitschland, wou hie sech virun allem op nohalteg Methoden an d'Wuel vun den Déiere konzentréiert.

Wéi säi Papp, de Grand-Duc Henri (am Joer 1975), a säin eelere Brudder, de Grand-Duc Guillaume (am Joer 2002), huet de Prënz Sébastien 2016-2017 eng Formatioun zum Offizéier bei der prestigiéiser Royal Military Academy Sandhurst (RMAS) an England gemaach, a gouf am September 2017 als Offizéier vun der Lëtzebuerger Arméi vereedegt. Zanterhier kommandéiert hien e Peloton vum Regiment vun den Irish Guards an der englescher Arméi, an deem scho säi Grousspapp, de Grand-Duc Jean, wärend dem Zweete Weltkrich gedéngt huet.

De Prënz Sébastien ass u frieme Kulturen an der Natur intresséiert an ass an deem Kontext am Joer 2019 dräi Méint duerch Neiséiland gereest.

Familljefoto zu Sandhurst

Familljefoto am Kader vun der Sovereign’s Parade vum Prënz Sébastien am Joer 2017 zu Sandhurst

© Cour grand-ducale / Lola Velasco

Offiziell Aktivitéiten

Wa säi Kalenner him et erlaabt, hëlt de Prënz Sébastien u verschiddenen Aktivitéiten an Zeremonien deel, wéi zum Beispill Nationalfeierdag oder der Schlusspressessioun vun der traditioneller Oktav.

Nationalfeierdag 2016 - De Prënz Sébastien a seng Schwëster, d'Prinzessin Alexandra

Nationalfeierdag 2016 - De Prënz Sébastien a seng Schwëster, d'Prinzessin Alexandra

© 2016 SIP / Charles Caratini

Bestrieft, d'Wäerter vum Sport ze ënnerstëtzen, huet de Prënz Sébastien den Haut-Patronage vun der Fédération luxembourgeoise de natation et de sauvetage (FLNS) iwwerholl.

Interessien a Fräizäit

De sportbegeeschterte Prënz Sébastien geet gär klammen, fiert alpine Schi, schwëmmt an intresséiert sech fir de Rugby. Nodeems hien e puer Joer an engem Rugby-Club gespillt huet, gouf hien an d'Nationalekipp U18 vu Lëtzebuerg gewielt, gradewéi och an d'Ekipp vu senger Universitéit.

De Prënz Sébastien an d'Prinzessin Alexandra bei den Olympesche Spiller zu Peking am Joer 2008

De Prënz Sébastien an d'Prinzessin Alexandra bei den Olympesche Spiller zu Peking am Joer 2008

© Guy Wolff / Telecran

Fotoe vum Prënz Sébastien

D'Grande-Duchesse an de Prënz Sébastien

© Privat Kollektioun

Déi fënnef Kanner vun der groussherzoglecher Koppel

© Privat Kollektioun

Familljefoto

© Privat Kollektioun

D'Prinzessin Alexandra an de Prënz Sébastien bei den olympesche Spiller zu Peking am Joer 2008

© Guy Wolff / Telecran

Portrait vum Prënz Sébastien

© Cour grand-ducale / Lola Velasco

Portrait du Prince Sébastien

© Cour grand-ducale / Lola Velasco

Während enger Rees a Kuba

© Hervé Montaigu

Déi groussherzoglech Koppel an de Prënz Sébastien

© Privat Kollektioun

De Prënz Sébastien

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Biografie vun der groussherzoglecher Famill

Aktivitéite vum Prënz Sébastien