Actualité

Virowend vun Nationalfeierdag 2024 - Fakelzuch a Freedefeier

De Grand-Duc, d’Grande-Duchesse, den Ierfgroussherzog, d’Ierfgroussherzogin, de Prënz Félix, de Prënz Louis an de Prënz Sébastien hu sech – a Begleedung vun der Buergermeeschtesch Lydie Polfer – d’Aubade vun der Militärmusek um Knuedler ugekuckt.

© Maison du Grand-Duc / Claude Piscitelli

Dës huet dono Plaz gemaach fir den traditionelle Fakelzuch, en impressionnanten Defilé vun den Associatiounen, déi sech bei der grousser Tribün virgestallt hunn. Dës Parad – räich u Faarwen, Lidder an Dänz – ass ee vun den Héichpunkte vun Nationalfeierdag, deen d’Multikulturalitéit vu Lëtzebuerg an d’Veräinsliewen erëmspigelt.

© Maison du Grand-Duc / Claude Piscitelli

D’Freedefeier, wat vum Pont Adolphe geschoss ginn ass huet dëst Joer 17 Minutte gedauert. Dëse Spektakel ass all Joer ëmmer nees impressionant a schléisst Festlechkeete vum Virowend vun Nationalfeierdag of.

© Maison du Grand-Duc / Claude Piscitelli