Actualité
Nationalfeierdag 2023 - Prise d’armes a Militärparad
No der offizieller Zeremonie ass de Groussherzog an d’Groussherzogin, zesumme mam Ierfgroussherzog a mam Prënz Sébastien an d’Avenue de la Liberté komm fir der traditioneller Militärparad vun Nationalfeierdag nozekucken.
![](/sites/default/files/styles/1280/public/upload/media/image/2023-06/20230623-FeteNationale-PhilharmonieMilitaire-Web-38.jpg?itok=RoUk7tKF)
Fir Mëtteg hunn de Groussherzog an den Ierfgroussherzog d‘Truppen en Revue passéiere gelooss, déi si mat engem dräifache « Vive » confirméiert hunn. No der Nationalhymn huet d’Parad ugefaange mat der Lëtzebuerger Arméi, suivéiert vun Institutiounen an Associatiounen: d’Lëtzebuerger Police, dem „BENELUX Steering Group“, der Administratioun vun der Douane, der Administratioun vum Prisong, de Pompjeeën (CGDIS), dem Lëtzebuerger Roude Kräiz an der Union Grand-Duc Adolphe.
![](/sites/default/files/styles/1280/public/upload/media/image/2023-06/20230623-FeteNationale-PhilharmonieMilitaire-Web-50.jpg?itok=MRrMtOme)
Am Himmel konnt de Spektakel a Form vun engem Fliger-Ballet observéiert ginn: en Helikopter „Airbus H145M“ vun der Police, en Transportfliger „Airbus A400M“ vu „15 Wing“ vun der Belscher Arméi an en Transport- a Verfleegungsfliger „Airbus A330“ vun de „Multi Role Tanker Transport Unit“.
![](/sites/default/files/styles/1280/public/upload/media/image/2023-06/20230623-FeteNationale-PhilharmonieMilitaire-Web-45.jpg?itok=ciNJqXTb)
Am ganzen hu 730 Persounen, 31 Hënn an 51 motoriséiert Maschinnen um Defilé deelgeholl.
![](/sites/default/files/styles/1280/public/upload/media/image/2023-06/20230623-FeteNationale-PhilharmonieMilitaire-Web-41.jpg?itok=krTi6ple)