D'Grande-Duchesse Maria Teresa um Paralympic Day 2026

24.10.2026

Dëse Samschdeg war am Rehazenter de « Paralympic Day 2026 » deen am Zeeche vum paralympesche Sport, der Inklusioun an dem Austausch stoung. D'Grand-Duchesse Maria Teresa, déi sech zanter ville Jore fir paralympesch Sportlerinnen a Sportler engagéiert, huet un dësem Event deelgeholl, dat och fir de grousse Public op war.

web_00003.jpg

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

Am Laf Kader vun dësem Dag konnten d'Visiteuren ënnerschiddlech paralympesch Sportaarten entdecken a selwer ausprobéieren. D'Demonstratiounen an déi ugebueden Aktivitéiten hunn et erméiglecht, d'Erausfuerderungen, mat deenen déi betraffen Athleetinnen an Athleete konfrontéiert sinn, besser ze verstoen a kennenzeléieren. D'Evenement huet och ënnerstrach, wéi wichteg et ass, jidderengem d'Méiglechkeet ze ginn, Sport ze maachen, sief et als Fräizäitaktivitéit oder am Kader vun enger Kompetitioun.

web_00010.jpg

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

web_00009.jpg

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

web_00020.jpg

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

Mat hirer Presenz huet d'Groussherzogin Maria Teresa hir Ënnerstëtzung fir déi paralympesch Sportlerinnen a Sportler an hiren Engagement fir eng méi grouss Visibilitéit vum paralympesche Sport nach eng Kéier confirméiert.

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey