Direkt op den Haaptinhalt

03.10.2025

Trounwiessel | An der Stater Gemeng

De Grand-Duc an d’Grande-Duchesse sinn iwwert de Knuedler gaange fir an d'Stater Gemeng ze goen, wou op Invitatioun vun der Buergermeeschtesch Lydie Polfer a Präsenz vun den nationalen Autoritéiten eng feierlech Sëtzung stattfonnt huet.

Zum Schluss huet déi nei groussherzoglech Koppel déi vill Leit, déi sech um Knuedler zesumme fonnt hu, begréisst, éier si sech op de Wee gemaach hu Richtung Cercle Cité, wou d’Regierung eng Receptioun a Presenz vun auslänneschen Invitéen a Vertrieder vun der Zivilgesellschaft organiséiert huet.

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue & Kary Barthelmey