Direkt op den Haaptinhalt
Portrait de la Princesse Alexandra

Presentatioun

D'Prinzessin Alexandra Joséphine Teresa Charlotte Marie Wilhelmine, Prinzessin vu Lëtzebuerg, Prinzessin vun Nassau a Bourbon-Parma, ass dat véiert Kand an déi eenzeg Duechter vum Grand-Duc Henri an der Grande-Duchesse Maria Teresa vu Lëtzebuerg.

D'Prinzessin Alexandra dréit den “Ordre du Lion d'Or de la Maison de Nassau” zanter 2009.

De Grand-Duc an d'Prinzessin Alexandra an der Summervakanz

De Grand-Duc an d'Prinzessin Alexandra an der Summervakanz

© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

Am Dezember 2022 huet de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse d’Verlobung vun der Prinzessin Alexandra an dem Här Nicolas Bagory ugekënnegt. D’Hochzäit war den 29. Abrëll 2023 an der Kierch Saint Trophyme zu Bromes-les-Mimosas.

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

D'Prinzessin Alexandra an den Här Nicolas Bagory sinn Eltere vun enger Duechter, dem Victoire, déi de 14. Mee zu Paräis op d'Welt komm ass.

Ausbildung

D'Prinzessin Alexandra huet hir Primärschoul zu Angelsbierg (Lëtzebuerg) gemaach, duerno goung si an de Lycée Vauban zu Lëtzebuerg, wou si 2009 mat engem literaresche Bachelor, mat Mentioun, ofgeschloss huet.

Duerno ass d'Prinzessin fir Universitéitsstudien an d'Ausland gaangen. No engem Studiegang an der Psychologie a Sozialwëssenschaften an Amerika huet d'Prinzessin hir Studien zu Paräis virugefouert. Do huet si eng Lizenz an der Philosophie mat Schwéierpunkt Eethik an Anthropologie gemaach. Ofgeschloss huet d'Prinzessin Alexandra hir Studien am Trinity College zu Dublin. Zanter 2017 huet si e Master an den interreliéise Studie vun der Irish School of Ecumenics mat enger Spezialisatioun an der Konfliktléisung.

Aweiung vun enger Spillschoul zu Waasserbëlleg

2006: Aweiung vun enger Spillschoul zu Waasserbëlleg

© Cour grand-ducale / Carlo Hommel

D'Prinzessin huet Erfarung am journalistesche Beräich am Noen Oste gesammelt gradewéi an internationale Relatiounen duerch e Stage am Sécherheetsrot vun de Vereenten Natiounen zu New York zu där Zäit, wou Lëtzebuerg net-permanente Member war.

D'Prinzessin schwätzt fléissend Lëtzebuergesch, Franséisch, Englesch a Spuenesch. Dobäi komme gutt Kenntnisser an der däitscher an italieenescher Sprooch.

Portrait vun der Prinzessin Alexandra

Portrait vun der Prinzessin Alexandra

© Cour grand-ducale / Christian Aschman

Offiziell Aktivitéiten a Verflichtungen

Wann hire Kalenner et erlaabt, hëlt d'Prinzessin un den Aktivitéite vun der groussherzoglecher Famill deel an ass bei verschiddenen Zeremonien oder offiziellen Aktivitéiten dobäi, wéi dem Nationalfeierdag oder der Staatsvisitt a Japan am November 2017.

Um soziale Plang engagéiert d'Prinzessin sech als Benevole an der Flüchtlingshëllef. Bei der Lëtzebuerger Déiereschutzliga an der Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung huet si den Haut-Patronage iwwerholl.

Am Gaart vum Palais vun Akasaka - d'Prinzessin Alexandra huet hire Papp de Grand-Duc op der Staatsvisitt a Japan 2017 begleet.

Staatsvisitt 2017: Am Gaart vum Palais vun Akasaka- d'Prinzessin Alexandra huet hire Papp, de Grand-Duc Henri, a Japan begleet. 

© SIP / Jean-Christophe Verhaegen

Hobbiën an Intressen

D'Prinzessin ass un der Literatur intresséiert a reest gären, fir esou nei Kulturen a Sprooche kennen ze léieren. Si ass ganz sportlech a spillt ënner anerem Tennis, fiert alpine Schi a Waasserschi. Laang Zäit huet si och gedanzt a war am Turnen aktiv.

D'Prinzessin Alexandra huet interesséiert d'Stänn um Basar vum Lëtzebuerger Roude Kräiz besicht

D'Prinzessin Alexandra huet interesséiert d'Stänn um Basar vum Lëtzebuerger Roude Kräiz besicht

© Manuel Dias

Fotoe vun der Prinzessin Alexandra

Gebuert vun der Prinzessin Alexandra - Sortie vun der Maternité Grande-Duchesse Charlotte

© Privatkollektioun

Gebuert vun der Prinzessin Alexandra

© Privatkollektioun

D'Grande-Duchesse, d'Prinzessin Alexandra an de Prënz Sébastien

© Privatkollektioun

D'Prinzessin Alexandra am Kader vun enger Visitt an der Grondschoul zu Waasserbëlleg

© Carlo Hommel

De Grand-Duc an d'Prinzessin Alexandra

© Privatkollektioun

De Grand-Duc an d'Prinzessin Alexandra

© Privatkollektioun

D'Prinzessin Alexandra op enger Visitt am Lycée Fieldgen

© Privatkollektioun

D'Grande-Duchesse an d'Prinzessin Alexandra zu Cabasson

© Cour grand-ducale / David Nivière

D'Grande-Duchesse an d'Prinzessin Alexandra

© Privatkollektioun

Portrait vun der Prinzessin Alexandra

© Privatkollektioun

Daf vun der Klack vum OPL an der Philharmonie Luxembourg

© Maison du Grand-Duc / Marion Dessard

Portrait vun der Prinzessin Alexandra

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Biografie vun der groussherzoglecher Famill

Aktivitéite vun der Prinzessin Alexandra