03.06.2023
Kanddaf vum Prënz François
Déi groussherzoglech Famill an d’Famill de Lannoy hu sech dëse Samschden an der Kierch zu Fëschbech zesummefonnt, fir de Kanddaf vum Prënz François ze feieren. D’Mass gouf presidéiert vu Senger Eminenz dem Kardinol Jean-Claude Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg.

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
D’Prinzessin Alexandra, d’Schwëster vum Ierfgroussherzog, an de Comte Christian de Lannoy, Brudder vun der Ierfgroussherzogin, sinn d’Giedel an de Pätter vum Prënz François.

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue