04.10.2025
Trounwiessel | Wooltz : Diversitéit

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue & Kary Barthelmey
Déi nächst Etapp huet zu Wooltz stattfonnt, wou d’groussherzoglech Koppel, an d’Prënze Charles a François, mat grousser Begeeschterung empfaange gi sinn. An engem Moment vu grousser Gesellegkeet goufen d’Diversitéit an de multikulturelle Räichtum vu Lëtzebuerg gefeiert.

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue & Kary Barthelmey
Zanter Juli steet zu Wooltz eng Videobox, duerch déi vill Awunner aus der Regioun hir Erënnerungen a Geschichten deele konnten. Aus dëser Initiativ ass ee Mosaik vu kuerze Videoen entstanen, deen d’Diversitéit vu Wooltz erëmspigelt. Dëse gouf an de musikaleschen a theatralesche Spektakel, zu Éiere vun der groussherzoglecher Koppel, integréiert.
D’Dëschtennisspillerin Ni Xia Lian an de Mike McQuaide, "An American in Luxembourg ", waren d’Marraine an de Parrain vun dëser Etapp, déi an der Präsenz vun de Ministere Martine Hansen an Éric Thill souwéi der Buergermeeschtesch Carole Weigel stattfonnt huet.

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue & Kary Barthelmey