Actualité
De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse wënsche schéi Feierdeeg
“ De Grand-Duc an d’Grande-Duchesse, zesumme mat hirer ganzer Famill, soen Iech vu ganzem Häerze Merci fir Är Ënnerstëtzung an déi vill Opmierksamkeeten déi si iwwer dat ganzt Joer kritt hunn.
Si wënschen Iech an Äre Léifste schéi Feierdeeg a freeë sech fir Iech am neie Joer 2024 hei erëmzegesinn. ”