D'groussherzoglech Famill

De Prënz Félix

Gebuer

03. Juni 1984

an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte zu Lëtzebuerg

Portrait du Prince Félix
© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Biografie

De Prënz Félix Léopold Marie Guillaume, Prince de Luxembourg, Prënz vun Nassau, Prënz vu Bourbon-Parma, ass dat zweet Kand vum Grand-Duc Henri an der Grande-Duchesse Maria Teresa. Seng Bridder a Schwëstere sinn:

De Prënz Félix ass no sengem Urgrousspapp, dem Prënz Félix vu Bourbon-Parma benannt. Hien ass den Véierten an der Trounfolleg.

Le Prince Félix bébé
© Kollektioun vun der Cour grand-ducale

Am Dezember 2012 huet de Maréchalat de la Cour d'Verlobung vum Prënz Félix an dem Claire Lademacher ugekënnegt. D'Hochzäit war den 21. September 2013 an der Basilika vu Sainte Marie-Madeleine de Saint-Maximin-la-Sainte-Baume a Frankräich. Zanterhier dréit d'Claire Lademacher den Titel Prinzessin Claire vu Lëtzebuerg, Prinzessin vun Nassau.

Portrait du Prince Félix et de la Princesse Claire le jour de leur mariage
© Cour grand-ducale / Guy Wolff

Portrait vum Prënz Félix an der Prinzessin Claire op hirem Hochzäitsdag

Fir méi iwwer d’Prinzessin Claire gewuer ze ginn

Célébration du baptême de S.A.R. le Prince Liam
© Cour grand-ducale / Lola Velasco

Kanddaf vum Prënz Liam

De Prënz Félix an d'Prinzessin Claire sinn Eltere vun engem Meedchen an zwee Jongen. D'Prinzessin Amalia Gabriela Maria Teresa ass de 15. Juni 2014 an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte zu Lëtzebuerg gebuer, de Prënz Liam Henri Hartmut ass den 28. November 2016 an der Clinique Générale-Beaulieu zu Genf op d'Welt komm an de Prënz Balthazar Félix Karl huet d’Liicht vun der Welt de 7. Januar 2024 och an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte zu Lëtzebuerg erbléckst.

Kanddaf vun der Prinzessin Amalia © 2014 Cour grand-ducale / Guy Wolff

Kanddaf vun der Prinzessin Amalia

Kanddaf vum Prënz Liam © Cour grand-ducale / Lola Velasco

Kanddaf vum Prënz Liam

 

Ausbildung a professionell Aktivitéiten

No der Primärschoul zu Luerenzweiler ass de Prënz Félix fir d'éischt an d'École privée Notre-Dame Sainte-Sophie an dono an d'American School of Luxembourg gaangen. Vun 1998 u war hien am Schwäizer Collège Alpin Beau Soleil zu Villars-sur-Ollon, wou hien och seng spéider Fra Claire Lademacher kenne geléiert huet. 2003 krut hien do säin Ofschlossdiplom mat Mentioun. Dono huet hien eng Ausbildung op der Royal Military Academy Sandhurst an England ugefaang, déi hien awer aus medezinesche Grënn huet missen ofbriechen.

De Prënz Félix huet eng Partie Stagen a verschiddenen Entreprisë gemaach, éier hie vun 2005 bis 2009 am Departement vum Marketing an der Ëffentlechkeetsaarbecht vun enger Schwäizer Firma, déi op sportlech a kulturell Evenementer spezialiséiert ass, geschafft huet.

De jonke Prënz Félix an der Schoul © Kollektioun vun der Cour grand-ducale

De jonke Prënz Félix an der Schoul

De Prënz Félix op enger humanitärer Rees am Joer 2002 © Cour grand-ducale

De Prënz Félix op enger humanitärer Rees am Joer 2002

De Prënz Félix an d’Prinzessin Alexandra ënnerhale sech mam Lëtzebuerger Schwëmmer Raphaël Stacchiotti © Guy Wolff
 

De Prënz Félix decidéiert dono, erëm studéieren ze goen an hien hëlt dofir fir d'éischt Intensivcoursen am Italieneeschen zu Mailand. No engem Bachelor an der Bio-Eethik op der Universitéit Regina Apostolorum zu Roum schléisst hie seng Studien am Joer 2013 mat engem Master of.

Zanter Oktober 2013 geréiert hien, zesumme mat senger Fra, der Prinzessin Claire, den Domaine viticole Château les Crostes zu Lorgues am Süde vu Frankräich. Ausserdeem presidéiert de Prënz Félix zanter 2016 d'Associatioun Lorgues Terre de Vins, eng Genossenschaft vun 12 Wënzer vu Lorgues, déi sech zum Zil gesat hunn, hir Gemeng zu engem Virreider an der Wäiproduktioun an am Tourismus an der Provence ze maachen. De Prënz Félix an d'Prinzessin Claire hunn 2016 mat enger Koppel Frënn zesummen d'Societéit Young Empire gegrënnt, déi op Kleeder, Miwwel an Dekoratioune fir Kanner spezialiséiert ass. Als Entrepreneur begleet de Prënz Félix eng sëllege Startups mat guddem Rot, an investéiert och an déi, déi hien am meeschten interesséieren.

Nieft dem Lëtzebuergesche schwätzt de Prënz Félix fléissend Franséisch, Englesch, Däitsch, Italieenesch an och e bësse Spuenesch.

Le Prince Félix et la Princesse Claire
© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

Offiziell Aktivitéiten

De Prënz Félix ass reegelméisseg bei den Aktivitéite vun der groussherzoglecher Famill dobäi. Wa säi Kalenner him et erlaabt, hëlt hien u verschiddenen Aktivitéiten an Zeremonien deel, wéi Nationalfeierdag oder der Schlusspressessioun vun der Oktav. Wa säi Brudder, den Ierfgroussherzog, verhënnert ass, vertrëtt de Prënz Félix hien, wéi zum Beispill bei der feierlecher Iwwerreechung vun den Diplômes de Maîtrise an den Diplômes de la Promotion du Travail vun der Handwierkerkummer am Joer 2019, oder bei der feierlecher Iwwerreechung vun de Certificats de la Promotion du Travail vun der Handelskummer am Joer 2020. Geleeëntlech hëlt hie mat senger Fra un aneren Aktivitéiten, wéi dem Internationale Basar vum Lëtzebuerger Roude Kräiz, deel.

Le Prince Félix et la Princesse Claire au 72e Bazar de la Croix-Rouge luxembourgeoise
© Cour grand-ducale / Sophie Margue

De Prënz Félix an d'Prinzessin Claire hunn den 72. Bazar vum Lëtzebuerger Roude Kräiz besicht

De Prënz Félix huet 2003 den Haut-Patronage vun der Associatioun vun de Fallschiermsprénger Cercle Para Luxembourg/Fédération aéronautique luxembourgeoise (FAL) ugeholl.

Begeeschtert vu Basketball, huet hien 2005 och den Haut-Patronage vun der Lëtzebuerger Basketballfederatioun (FLBB) iwwerholl. Hie probéiert, reegelméisseg Basketballmatcher zu Lëtzebuerg kucken ze goen.

Le Prince Félix a assisté aux demi-finales de basketball de la Coupe de Luxembourg / Ladies Cup en février 2020
© Cour grand-ducale / Claude Piscitelli

De Prënz Félix bei den Halleffinalle vun der Coupe de Luxembourg am Basketball / Ladies Cup am Februar 2020

Well hien och am Wäibausecteur schafft, ënnerstëtzt de Prënz Félix vun Zäit zu Zäit déi Lëtzebuerger Wënzer duerch seng Presenz op Festivitéiten. Sou war hien ënner anerem op der Séance académique vum 50. Jubiläum vun der Wënzergenossenschaft "Vinsmoselle" am Joer 2016, oder 2018 op der Hunnefeier zu Schengen, déi traditionell um Ofschloss vun der Wäilies ofgehale gëtt.

De Prënz huet de Rang vum "Chevalier" am "Ordre du Lion d'Or de la Maison de Nassau".

Le Prince Félix à la 11e édition de la nouvelle « Hunnefeier »
© Uli Fielitz

De Prënz Félix op der 11. Editioun vun der neier Hunnefeier zu Schengen

Interessien a Fräizäit

A senger Jugend war de Prënz Félix Member vun de Scouten.

Fënnef Joer hannertenee war de Prënz Félix "beschten Athleet" vum Collège Alpin Beau Soleil. Hie spillt reegelméisseg Tennis a Golf an interesséiert sech fir Fallschiermsprangen, Kitesurfing a Waasserschi. Zanter senger Kandheet ass de Prënz begeeschtert vum Wantersport an hien ass en exzellente Schifuerer.

No Statiounen zu Roum an zu Genf lieft de Prënz Félix zanter 2018 mat senger Famill zu Frankfurt.

Le Prince Félix lors d'un saut en tandem à l'aérodrome de Noetrange
© José Ribeiro

De Prënz Félix bei engem Tandem-Sprong zu Näertrech

Fotoe vum Prënz Félix

Kanddaf vum Prënz Félix am Joer 1984 © Privatkollektioun

Kanddaf vum Prënz Félix am Joer 1984

De Prënz Félix bei engem Tandem-Sprong zu Näertrech © CPL

De Prënz Félix bei engem Tandem-Sprong zu Näertrech

De Prënz Félix an d’Prinzessin Claire © Privatkollektioun

De Prënz Félix an d’Prinzessin Claire am Joer 2012

De Prënz Félix an d’Prinzessin Claire © Privatkollektioun

De Prënz Félix an d’Prinzessin Claire am Joer 2010 zu Florenz

De Prënz Félix an d’Prinzessin Claire bei der Gebuert vun der Prinzessin Amalia © Privatkollektioun

De Prënz Félix an d’Prinzessin Claire bei der Gebuert vun der Prinzessin Amalia

De Prënz Félix an d’Prinzessin Claire bei enger Galasoirée © Mathieu BUZZANCA

De Prënz Félix an d’Prinzessin Claire bei enger Galasoirée

De Prënz Félix an d’Prinzessin Claire © Privatkollektioun

De Prënz Félix an d’Prinzessin Claire

 

Biografië vun der groussherzoglecher Famill

Biografie eroflueden

Aktivitéite vum Prënz Félix