Actualité

D’Hochzäit vum Prënz Félix an der Madame Claire Lademacher: Déi zivil Hochzäit

17.09.2013

Mariages

Am spéide Virmëtteg vum 17. September 2013 sinn de Prënz Félix vu Lëtzebuerg an d’Madamm Claire Lademacher a Begleedung vu Membere vun hire jeeweilege Familljen zu Tönigstein am Taunus an Däitschland ukomm, fir déi zivil Zeremonie vun der Prënzenhochzäit duerch de Buergermeeschter vun der Stad Königstein, Leonhard Helm, ze feieren.

D’Madamm Claire Lademacher hat e wäisse Crèpe-Ensembel am Stil „peplum“ un, dee mat enger renger Spëtzt verziert war; entworf a realiséiert vum flammänneschen Designer Jan Taminiau.

D’Blummen an d’Dekoratioun, alles aus Platiniumrousen a wäissen Hortensen, goufe vu „Blumen Maiglöckchen“ zu Königstein am Taunus gemaach. Déi jonk Koppel huet sech un d’Steierrad vum berüümte „bubble car“ gesat, mat sengem italieenesche Style a senger Eeërform, vun der Marque BMW (Isetta) 300, wäiss a rout, 1958 an Däitschland gebaut.

001+17-09-2013+Civil+Wedding+Koenigstein+_Cour+grand-ducale+2013-1

© 2013 Groussherzoglechen Haff / Guy Wolff / all Rechter virbehalen

Mariage Princier: la cérémonie civile

© 2013 Groussherzoglechen Haff / Eric Chenal / all Rechter virbehalen

     

    Méi iwwer d‘Prënzenhochzäit