21.05.2026
Audienz vun enger Delegatioun vun der « Association européenne des magistrats »
Um Donneschdeg huet de Grand-Duc eng Delegatioun vun der « Association européenne des magistrats » empfaangen, déi vun hirer Presidentin Sabine Matejka representéiert gouf. Si gouf ënner anerem begleet vum Warner Barone, President vun der Union internationale des magistrats, där déi europäesch Sektioun ugehéiert.
© Maison du Grand-Duc
D'Gäscht hunn iwwer hir Aufgaben, besonnesch am Zesummenhang mat der Verdeedegung vun der Rechtsstaatlechkeet an Europa, sou wéi der Promotioun vum europäesche Recht, geschwat.












