20.05.2026
De Grand-Duc huet den neie Fändel vum Corps vum CGDIS iwwerreecht
Am Centre national d’incendie et de secours (CNIS) huet de Grand-Duc um Mëttwoch offiziell den neie Fändel vum Corps un de Corps grand-ducal d'incendie et de secours (CGDIS) iwwerreecht. Hie gouf vum Minister Léon Gloden begleet.
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
Am Kader vun dësem Evenement gouf der Major Annick Baustert, der neier Cheffin vum gréissten Asazzenter vum Land, hiert Déngscht-Ofzeechen iwwerreecht. Si ass domat d'Nofollgerin vum Colonel Serge Heiles, deen deemnächst an d'Pensioun geet.
Kuerz virdrun huet de Staatschef de Paul Schroeder, Generaldirekter vum CGDIS, sou wéi den Alain Becker an d'Lydie Polfer, de President an d'Vize-Presidentin vum Verwaltungsrot vum Corps vun de Pompjeeën an Audienz empfaangen.












