Direkt op den Haaptinhalt

06.06.2026

D'« Garden Parties » vum Nationalfeierdag: eng Traditioun, déi sech ab 2026 weiderentwéckelt

D'« Garden Parties » vum Nationalfeierdag: eng Traditioun, déi sech ab 2026 weiderentwéckelt

D'« Garden Parties », déi all Joer am Park vum Schlass Bierg am Kader vum Nationalfeierdag organiséiert ginn, bréngen Invitéen aus de verschiddenste Beräicher vun der Lëtzebuerger Gesellschaft zesummen.

Nom Trounwiessel stinn dës Receptiounen vun elo un ënnert engem thematesche Schwéierpunkt. All Joer gëtt esou e bestëmmte Beräich vum nationale Liewen oder eng Kategorie vu Persounen ervirgehuewen, deenen hiren Engagement eng besonnesch Unerkennung verdéngt. Dës Weiderentwécklung soll déi Fraen a Männer an de Mëttelpunkt stellen, déi zur Dynamik, zum Zesummenhalt an zur Diversitéit vun der Lëtzebuerger Gesellschaft bäidroen.

Dat gewielten Thema wäert zu engem groussen Deel de Choix vun den Invitéë bestëmmen, iwwerdeems d’Vertrieder vun den Institutiounen an déi wichtegst Acteure vum ëffentleche Liewen och weiderhi vertrueden si. Gläichzäiteg erlaben dës Receptioune weiderhin, datt sech Mënsche mat ënnerschiddlechen Originnen an Hannergrënn begéinen an austauschen.

© Maison du Grand-Duc / PANCAKE! Photographie

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

Am Joer 2026 wäerten zwou « Garden Parties » op Schlass Bierg organiséiert ginn. Déi éischt Receptioun, déi de 25. Juni ass, ass deene Leit dediéiert, déi bei de Preparatioune gehollef an zum gudden Oflaf vun de Feierlechkeeten zum Trounwiessel 2025 bäigedroen hunn. Si ass eng Unerkennung fir déi vill Acteuren, déi un der Organisatioun vun dësem memorabelen Evenement an der rezenter Geschicht vun der Monarchie matgewierkt hunn.

Bei der zweeter Receptioun, déi den 29. Juni wäert stattfannen, steet d’Jugend am Mëttelpunkt. Si ass dem Grand-Duc besonnesch wichteg, dofir hat hien sech a senger Trounried direkt un déi jonk Awunner vu Lëtzebuerg geriicht an zanter hir och reegelméisseg Vertrieder vu Jugendorganisatioune begéint. Dës « Garden Party » bréngt ënner anerem Jonker zesummen, déi an de Beräicher Educatioun, Sport, Kultur, Scoutismus, Entreprenariat, Veräinsliewen, Wëssenschaft oder am Sozialen aktiv sinn.