Direkt op den Haaptinhalt

D'Wope

Dës Rubrik stellt déi groussherzoglech Wope vu Lëtzebuerg vir a geet op hir Geschicht, hir Entwécklung an op déi heraldesch Elementer an, déi se definéieren. E Wopen ass eng symbolesch Representatioun vun der Autoritéit, dem Patrimoine an der Verbonnenheet mat der Dynastie vun engem Souverain.

Ënnert de Kinnek-Groussherzoge vun der Dynastie Orange-Nassau huet de Wope vu Lëtzebuerg ni eng offiziell Verwendung ausserhalb vum Grand-Duché gehat, esou dat de Grand-Duc Adolph wéi hien 1890 op den Troun geklommen ass eng immens Fräiheet bei der Gestaltung vu sengem neie Wopen hat.

An den Ufanksjoren huet een sech mat enger recht einfacher Variant zefridde ginn, déi aus enger Kombinatioun aus dem territoriale Wopen, deem vum Grand-Duché, an dem dynastesche Wopen, deem vun der walramischer Linn vum Haus Nassau, bestoung. Den éischte Wope vum Grand-Duc Adolph wor deemno um Haaptschëld de Wope vu Lëtzebuerg mam Roude Léiw, deen op senger Schëller, respektiv an der Mëtt vum Schëld, ee sougenannt Häerzschëld dréit, op deem de Gëllene Léiw vun Nassau ofgebillt wor.

Schonn 1892 wor ee mat dësem éischte Goss esou onzefridden datt un Ersatz geduecht gouf. Am zweeten Ulaf an a Consultatioun mat verschiddenen Experten aus Däitschland entstoung dunn den héich komplex a villméi imposante Grousse Wope mat net manner ewéi 6 Helmer a 16 Felder, woubäi déi 4 zentral Felder erëm zesummegeholl een a véier gedeeltene Wope mat zwee mol dem Nassauer an zwee mol dem Lëtzebuerger Wopen erginn. Dëse Wope gouf dunn als Klenge Wope benotzt. Duerch d'Bäisetze vun zwee Léiwen déi d'Schëld figurativ héichhalen - dohier schwätzt een am Däitsche vu "Schildhalter" - gouf och ee Mëttelgrousse Wopen erschaf. Dësen heraldesche System gouf per Dekreet vum Grand-Duc Adolph den 28. Juli 1898 offiziell an d'Liewe geruff a sollt bis 2001 an de Règne vum Grand-Duc Henri bestoe bleiwen.

Eréischt 2001 goufen d'Wope vum Grand-Duc vu Lëtzebuerg moderniséiert, dat duerch déi zwee Arrêtéë vum Grand-Duc Henri vum 23. Februar an 23. Juni 2001.

Am Klengen an am Mëttelgrousse Wope goufen nëmme kleng Ännerunge virgeholl : d'Wope vun Nassau a Lëtzebuerg hunn d'Plaze getosch, esou dat de Lëtzebuerger Wopen elo un éischter Stell, der Éiereplaz, steet. Dës Ännerung ass allerdéngs ganz symbolesch well de Grand-Duc esou eendeiteg seng Verbonnenheet zum Lëtzebuerger Land a Vollek ausdréckt. Hien ass net nëmme Staatschef vum Grand-Duché, mee identifizéiert sech an éischter Linn als Lëtzebuerger.

Am Grousse Wopen huelen d'Ännerungen eng ganz aner Dimensioun : déi 6 Helmer verschwannen zu Gonschte vun enger eenzelner Kroun an déi 16 Felder vun 1898 ginn op déi 4 Felder aus dem Klenge Wope vereinfacht. Ganz nei ass dogéint d'Präsenz vun engem neien Häerzschëld an de Faarwe vu Bourbon-Parma, der Dynastie der de Prënz vu Lëtzebuerg, de Prënz Felix, Grousspapp vum Grand-Duc Henri, ugehéiert huet. Ënnert dem Schëld fënnt ee säit 2001 och d'Band an d'Kräiz vum eelste Ritteruerde vu Lëtzebuerg, dem Ordre de la Couronne de Chêne. Am Verglach mam Mëttelgrousse Wopen, op deem d'Léiwen nëmmen d'Schëld unhalen, hunn dës Léiwen am Grousse Wopen nach eng aner Funktioun : si droen och de Lëtzebuerger Nationalfändel dee prominent iwwer der ganzer Kompositioun bléist. Am Verglach zum Wopen ënnert dem Dekreet vun 1898 op deem d'Léiwe riets a lénks nach identesch sinn, ënnerscheeden sech déi zwee “Schildhalter” an hirer Versioun vun 2001 vuneneen: de Léiw dee riets vum Schëld steet ass, bis ob d'Faarf, eng Kopie vum Roude Léiw aus dem Lëtzebuerger Wopen. Hien huet och zwee Schwänz déi gekräizt iwwertenee leien an huet eng Kroun un. Säi Vis-à-vis huet allerdéngs nëmmen ee Schwanz well deen sech- Dir kënnt et Iech denken - un deem anere Léiw um Schëld, dem Nassauer Léiw, inspiréiert.

E Wope soll ëmmer op engem Bléck verrode mat wiem een et ze dinn huet an an dëser Hisiicht ass de neie Grousse Wopen en Erfolleg: et erkennt ee schnell a liicht datt ee mam Staatschef a Grand-Duc vu Lëtzebuerg confrontéiert ass a vu wéi enge Kinneksfamilljen dësen ofstaamt.

Dem Grousse Wope geléngt esou de Spagat tëschent der Traditioun an der Modernitéit; et ass een houfreg ob seng Originnen, mee och enk verbonne mat den Interessie vu Lëtzebuerg déi symbolesch mee och a Wierklechkeet ëmmer un éischter Plaz stinn.
  • A véier gedeeltene Wopen, am I. a IV. Véierel de Wope vu Lëtzebuerg, zéngfach sëlwer a blo gesträift, doropper e roude Léiw mat gesplécktem, diagonal gekräizte Schwanz, mat gëllene Krallen, Zong a Kroun iwwert allem. Am II. an III. Véierel de Wope vun Nassau, a bloer Faarf, mat gëllene Leeën, doropper e gëllene gekréinte Léiw, mat roude Krallen a rouder Zong. 

    Iwwert dem Wopeschëld ass eng Kinnekskroun.

  • De klenge Wopen, mat zwee Léiwen, déi d'Schëld halen, riets e gëllene gekréinte Léiw, deen zréckkuckt, mat roude Krallen an Zong an engem gespléckten, diagonal gekräizte Schwanz, lénks e gëllene gekréinte Léiw, deen no lénks kuckt, mat roude Krallen a rouder Zong.

  • A véier gedeeltene Wopen, am I. a IV. Véierel de Wope vu Lëtzebuerg, zéngfach sëlwer a blo gesträift, doropper e roude Léiw mat gesplécktem, diagonal gekräizte Schwanz, mat gëllene Krallen, Zong a Kroun iwwert allem. Am II. an III. Véierel de Wope vun Nassau, a bloer Faarf, mat gëllene Leeën, doropper e gëllene gekréinte Léiw, mat roude Krallen a rouder Zong.

    Op deem Ganzen en Häerzschëld mam Wope vu Bourbon-Parma a Blo mat dräi gëlle Lilien, mat engem roude Bord ronderëm, op deem aacht sëlwer Muschelen drop sinn. Iwwert dem ganze Schëld ass eng Kinnekskroun, déi ëmginn ass vum Band a Kräiz vum "Ordre de la Couronne de Chêne".

    Fir d'Schëld unzehalen ass riets e gëllene gekréinte Léiw, deen zréckkuckt, mat roude Krallen an Zong an engem gespléckten, diagonal gekräizte Schwanz, a lénks e gëllene gekréinte Léiw, deen no lénks kuckt, mat roude Krallen a rouder Zong, déi alle béid e Lëtzebuerger Fändel mat gëllene Fränjelen droen.

    Dat Ganzt ass ëmgi vun engem, mat Hermelin ëmsate, Purpurmantel mat gëllenem Rand, gëllene Fränjelen a gëllene Pomponschnéier, deen eng Kinnekskroun dréit, woubäi d'Fändelen iwwert de Mantel erausstinn.