Direkt op den Haaptinhalt

06.06.2026

Offiziell Visitt vu S.E. dem Här António José Seguro, President vun der portugisescher Republik

Offiziell Visitt vu S.E. dem Här António José Seguro, President vun der portugisescher Republik

Op Invitatioun vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse, si Seng Exzellenz den Här António José Seguro, President vun der portugisescher Republik, a seng Fra, d'Madamm Margarida Maldonado Freitas de 6. a 7. Juni op offizieller Visitt zu Lëtzebuerg. Si gi begleet vum Premierminister Luís Montenegro.

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Um Samschdegmoie war d'Begréissungszeremonie mat militäreschen Éiere virum Palais, bei där déi groussherzoglech Koppel d'Presidentekoppel empfaangen huet. Dono hunn de portugisesche President an de Grand-Duc sech fir eng Entrevue gesinn, ier dat offiziellt Mëttegiessen d'Delegatioune vu béide Länner zesumme bruecht huet.

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Dës Visitt fënnt am Kader vum "Dag vu Portugal" statt, deen den 10. Juni gefeiert gëtt. Zu dëser Geleeënheet huet S.E. den Här António José Seguro decidéiert de Grand-Duché ze besiche fir d'Importenz vun der portugisescher Communautéit hei am Land ervirzehiewen.

Dësen offiziellen Deplacement konfirméiert déi historesch Frëndschaft, déi Lëtzebuerg mat Portugal verbënnt. D’Visitt vum President a vum Premierminister vu Portugal zu Lëtzebuerg ass och en Hommage un déi vill Residente mat portugiseschen Originnen déi zënter e puer Generatiounen, zu der wirtschaftlecher, der sozialer an der kultureller Entwécklung vu Lëtzebuerg bäidroen.

Am Kader vu sengem Programm huet de portugisesche President sech och mam Chamberpresident, Claude Wiseler, dem Premier Minister Luc Frieden an dem Minister Xavier Bettel ënnerhalen.

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue