Direkt op den Haaptinhalt

09.06.2026

NEXUS 2026 | Audienz mam Grënner vun OVHcloud, Octave Klaba

NEXUS 2026 | Audienz mam Grënner vun OVHcloud, Octave Klaba

Am Virfeld vum Salon NEXUS Luxembourg, deen den 10. an 11. Juni 2026 stattfënnt, huet de Grand-Duc dësen Dënschdeg den Octave Klaba, Grënner vun OVHcloud, an Audienz empfaangen. Déi franséisch Entreprise gëllt als ee vun de féierenden europäeschen Acteuren am Beräich vum Cloud Computing.

© Maison du Grand-Duc

Als Riedner um NEXUS Luxembourg 2026 huet den Här Klaba seng Visioun vun engem innovativen, kompetitiven a souveränen europäeschen digitalen Ökosystem virgestallt, deen de strategeschen Erausfuerderunge vun engem Secteur gerecht gëtt deen sech kontinuéierlech weider entwéckelt.

Bei de Gespréicher goung et och em déi strategesch Partnerschaft tëscht POST Luxembourg an OVHcloud. D’Zil ass d’Entwécklung vun enger Cloud-Léisung, déi de Lëtzebuerger an europäesche legalen Ufuerderunge gerecht gëtt. Dës Initiativ setzt op Vertrauen, Sécherheet a Konformitéit a soll d‘Souveränitéit an d’Resilienz vun den digitalen Infrastrukturen an Europa stäerken.

© Maison du Grand-Duc