Direkt op den Haaptinhalt

08.06.2026

Audienz mam Direkter vun der Internationaler Energieagence, Fatih Birol

Audienz mam Direkter vun der Internationaler Energieagence, Fatih Birol

Dëse Méindeg huet de Grand-Duc den Dr Fatih Birol, Generaldirekter vun der Internationaler Energieagence (IEA), empfaangen. Hie war am Kader vun der Verëffentlechung vum Rapport « Energy Policy Review » iwwer Lëtzebuerg op Aarbechtsvisitt am Grand-Duché.

 

© Maison du Grand-Duc

Dëse Rapport ass eng onofhängeg Evaluatioun vun der nationaler Energiepolitik, déi d’IEA reegelméisseg an hire Memberstaaten duerchféiert.


Bei dëser Audienz goufen déi wichteg national an international energiepolitesch Erausfuerderungen thematiséiert, besonnesch d’Energiesécherheet, den Iwwergank zu méi nohaltegen Energiesystemer souwéi d’Wichtegkeet vun der internationaler Zesummenaarbecht fir den Defien am Energiesecteur gerecht ze ginn.

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc