11.06.2026
NEXUS 2026 | Audienz vum Vijay Shekhar Sharma, Grënner a Generaldirekter vu Paytm
En Donneschdeg huet de Grand-Duc de Vijay Shekhar Sharma, Grënner a Generaldirekter vu Paytm empfaangen. Hie gouf vum Kumar Ankit, dem Vizepresident vun der Entreprise, begleet.
© Maison du Grand-Duc
Als Invité vum Salon Nexus Luxembourg 2026, huet den Här Sharma e Mëttwoch a senger Interventioun iwwer säi Parcours als Entrepreneur geschwat. Hien ass och op déi verschidden Etappe vum Entstoe vun engem vun den Haaptacteuren am Beräich Fintech agaangen: Paytm. D'Plattform fir digital Finanzservicer gouf 2010 gegrënnt an huet ronn 300 Millioune Benotzer.
A sengem Virtrag huet hien seng Visioun vun de Changementer am Finanzsecteur virgestallt, déi an Zukunft wäerte kommen. Dës si besonnesch gepräägt duerch den Opschwong vun der kënschtlecher Intelligenz, technologeschen Innovatiounen an enger Weltwirtschaft, déi sech permanent weiderentwéckelt.
Aktivitéiten | De Grand-Duc
Zougangsastellungen
Sichen












