Direkt op den Haaptinhalt

19.05.2026

Audienz vum Alex Schumann, neie President vun der FEDIL

Audienz vum Alex Schumann, neie President vun der FEDIL

En Dënschdeg huet de Grand-Duc den neie President vun der Industriellefederatioun (FEDIL), Alex Schumann an Audienz empfaangen. Hie gouf begleet vu sengem Virgänger, dem Georges Rassel.

© Maison du Grand-Duc

Den Alex Schumann, deen elo fir 3 Joer un der Spëtzt vun der FEDIL steet, huet säin Aktiounsplang virgestallt, mat deem hien d'Interesse vun de ronn 750 Memberen - aus der Industrie an dem Entreprenariat - vertrieden, an déi wirtschaftlech, industriell an entreprenarial Aktivitéit vum Land ukuerbele wëll. 

De Grand-Duc huet dem Georges Rassel fir säin Engagement wärend sengem ganze Mandat Merci gesot.

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc